Radioen

On air

Notturno  |  Tony Allen & Adrian Younge - Don't Believe The Dancers

play_arrow Live
search

/ Een Trouschtpräis fir den Nicolas Schmit?

Nei EU-Kommissioun

Een Trouschtpräis fir den Nicolas Schmit?

Eisen Informatiounen no hätt d’Ursula von der Leyen dem Nicolas Schmit een Job als “Envoyé spécial” ugebueden. Eng Offer, déi hie refuséiert huet. Iwwerdeems wiisst d’Roserei am Camp vu senger Partei. Net nëmmen doriwwer, datt hire Spëtzekandidat beim Verdeele vun de Posten an där neier Kommissioun eventuell eidel ausgoe kéint.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© picture alliance / Chris Emil Janßen | Chris Emil Janssen play_arrow
Foto: picture alliance / Chris Emil Janßen | Chris Emil Janssen

Hire Spëtzekandidat misst mat engem wichtege Portefeuille Deel vun där neier Kommissioun ginn - dat hat d’Partei vun den Europäesche Sozialisten (PES) am Summer an engem Bréif un d’Kommissiounscheffin betount. An deem Schreiwes, dat eis virläit, ginn op sechs Säiten déi Konditiounen opgezielt, déi sollten erfëllt sinn, fir datt d’CDU Politikerin op d’Stëmme vun de sozialisteschen Europadeputéiert ziele kéint.

Konditioune vum PES net erfëllt

Si konnt sech dorop verloossen - déi aller meescht vun hinnen hunn effektiv am Juli am Europaparlament fir d’Ursula von der Leyen gestëmmt.

An der Erwaardung, wéi dacks betount gëtt, datt hir Konditiounen erfëllt ginn.

Wat de Nicolas Schmit ugeet, gesäit et awer bis elo net dono aus.

“Decisiounshëllef” vun der Kommissiounscheffin fir de Luc Frieden

Schold doru kéint awer net eleng de Lëtzebuerger Premier sinn. Hie war jo um Enn bei sengem éischte Choix bliwwen an hat virun zwou Wochen de Christophe Hansen als EU-Kommissär proposéiert.

Villes deit drop hin, datt d’Kommissiounscheffin et dem Luc Frieden méi einfach gemaach huet, säi Parteikolleeg dem Nicolas Schmit virzezéien. Hätt d’Ursula von der Leyen dem Luc Frieden matgedeelt, datt si fir de Spëtzekandidat vun de Sozialisten eng Spëtzepositioun an där neier Kommissioun fräi hält, hätt de Lëtzebuerger Premier wuel misse säi Choix seriö iwwerdenken.

Nicolas Schmit refuséiert Job-Offer

Amplaz héichrangegen EU-Kommissär ze ginn, huet d’Kommissiounscheffin eisen Informatiounen no dem Nicolas Schmit virun e puer Deeg eng Zort Trouschtpräis ugebueden. Nämlech een Job als “Conseiller spécial” fir déi nächst Legislaturperiod. Eng Aufgab am Stil, wéi se de Fransous Michel Barnier als Spezial-Beoptraagte fir de Brexit kritt hat.

Den Nicolas Schmit hätt déi Offer direkt refuséiert, wéi et aus Kreesser vum PES heescht. Den LSAP Politiker selwer wollt déi Nouvelle net kommentéieren.

Roserei iwwert méigleche Choix vun anere Vizepresidenten

Fir Irritatiounen am sozialistesche Camp suergen och éischt Rumeuren iwwert d’Posteverdeelung un der Spëtzt vun där neier Von der Leyen Equipe.

Deemno géif de Vertrieder vun der postfaschistescher Partei vun der italieenescher Premierministerin ee Posten als Vizepresident kréien. Eppes wat net nëmme fir d’Sozialisten een „No go“ ass.

Sefcovic amplaz Schmit?

Dernieft géif och de Slovak Maros Sefcovic op engem Spëtzeposten an der Kommissioun bleiwen. An den Ae vun der Kommissiounspresidentin eng Faveur fir d’Sozialisten. Déi awer gesinn dat guer net esou, well dem Sefcovic seng Smer-Partei wéinst hirer Politik an der Slowakei vun de Europäesche Sozialiste suspendéiert gouf, an hien deemno net méi als ee Vertrieder vun hinnen ugesi gëtt.

Sollt sech confirméieren, datt d’Ursula von der Leyen de Maros Sefkovic dem Nicolas Schmit virgezunn huet, wier d’Roserei op där sozialistescher Säit ëmsou méi grouss. Gewëssheet doriwwer gëtt et eréischt dann, wann d’Kommissiounscheffin hir Pläng public mécht - dat kéint schonn déi nächst Woch geschéien.

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.