Ënner dem Drock vu rietsen a rietsextreeme Parteien huet d‘EU-Kommissioun eng däitlech Verschäerfung vun hirer Migratiounspolitik proposéiert.
D‘Inneministere sollen sech haut um Méindeg fir déi éischte Kéier iwwer dee ganze Pak, mat dräi Texter, positionéieren.
D‘EU wëllt Arrivéeën a Réckféierunge vu Migrante méi streng encadréieren. Virgesinn ass ënner anerem, datt Migranten an Zentere baussent der EU solle kënnen ausgewise ginn.