Zwou Persoune goufe liicht blesséiert. Den zéngte Stack vum Héichhaus soll gebrannt hunn, huet de rumäneschen Inneministère matgedeelt. Et wier awer keng weider russesch Dron gesi ginn.
Hënt sinn zwee rumänesch Kampffliger gestart. Rumänie schwätzt vun enger schlëmmer an irresponsabeler Entwécklung vu Säite vu Russland. Am rumänesche Grenzgebitt goufen ëmmer nees Iwwerreschter vu russeschen Drone gebuergen.
D'Ukrain mellt iwwerdeems, datt am Schwaarze Mier och een tierkescht Schëff vun enger russescher Dron attackéiert gi wier.