arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diskussiounen op Zypern iwwer diplomatesch Efforte vun der EU am Krich an der Ukrain

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

Diskussiounen op Zypern iwwer diplomatesch Efforte vun der EU am Krich an der Ukrain

Op engem informellen Treffe vun den europäeschen Ausseministeren op Zypern soll et esouwuel ëm de Krich an der Ukrain wéi och ëm de Krich am Noen a Mëttleren Oste goen. Lëtzebuerg wäert duerch den DP-Ausseminister vertruede sinn.

reading time

1 min

Ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj | © picture alliance/dpa | Fabian Sommer
Ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj (Foto: picture alliance/dpa | Fabian Sommer)

Ënner anerem soll et haut ëm d'Intensitéit vun den diplomateschen Efforte goen, déi vun der EU ausginn.

Bis elo ginn d'Gespréicher mat Moskau virun allem vun den USA mat Vertrieder vum Donald Trump gefouert. 

Iwwerdeems huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gëschter annoncéiert, datt d'Ukrain mat Attacken op dat russescht Hannerland wäert weidermaachen. Dat fir Moskau ze weisen, datt si den Ugrëffskrich mat eegene Verloschter misste bezuelen, esou de Selenskyj. 

Op seng Demande beschäftegt sech den UNO-Sécherheetsrot zu New York haut mat den Entwécklungen am Krich an der Ukrain.