Radioen

On air

Notturno  |  Helena Deland - Claudion

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ee Joer zanter Zuchaccident tëschent Athen an Thessaloniki

Griicheland

Ee Joer zanter Zuchaccident tëschent Athen an Thessaloniki

A Griicheland ass et genee ee Joer hier zanter dem schlëmmsten Zuchaccident jeemools an der Geschicht vum Land. 57 Leit waren ëm d‘Liewe komm an 180 blesséiert ginn wéi zwee Zich frontal aneneegerannt waren.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ANE / Eurokinissi | Leonidas Tzekas / Eurokinissi
(Foto: picture alliance / ANE / Eurokinissi | Leonidas Tzekas / Eurokinissi)

D‘Commemoratiounen um Joresdag vun deem Accident gi begleet vu Roserei a Streiker am ëffentlechen Transport: Et fuere praktesch kéng Zich, Metroen, Taxi a Fären. D‘Gewerkschaft fir den ëffentlechen Transport huet zum Streik opgeruff.

Domat soll d‘Kritik verschäerft ginn un den Autoritéiten, déi zu engem groussen Deel vun de Kritiker an de Famillje vun de Affer mat responsabel gemaach gi fir den Zuch-Accident.

Déi zwee Zich waren 19-Minutte laang um selwechte Gleis ënnerwee éier se aneneegerannt sinn ouni datt en Alarm-Signal ausgeléist gouf.