Den afrikanesche Gesondheetsautoritéiten no sinn d’Fäll bannent enger Woch ëm 25 Prozent geklommen. Gläichzäiteg ginn d’Better fir d’Behandlung vun Ebola-Patienten ëmmer méi knapp.
95 Prozent vun de Kapazitéiten ausgeluecht
Ronn 95 Prozent vun den disponibele Behandlungskapazitéite wieren an Tëschenzäit ausgelaascht, heescht et vun den Autoritéiten.
Zënter dem Ausbroch am Mee goufen offiziellen Zuelen no bal 1.800 Ebola-Fäll confirméiert. 600 Mënsche sinn un der Krankheet gestuerwen.