Uganda huet e Mëttwoch decidéiert, seng Grenze mat der Demokratesch Republik Kongo temporär zouzemaachen. Hannergrond ass déi verschlechtert Ebola-Situatioun am Nopeschland.
E Spriecher vum ugandesche Gesondheetsministère huet zu Kampala erkläert, datt een „op d’Verstäerkung vun der Epidemie“ reagéiere misst.
Ausname fir Gesondheetspersonal an Hëllefstransporter
Ganz zou ass d’Grenz awer net. Weider dierfen ënner anerem Membere vun den Ekippen, déi géint Ebola kämpfen, humanitär Hëllefskonvoien a Liewensmëttel- oder Frachttransporter passéieren.
Och verschidde Membere vun de Sécherheetskräften dierfen d’Grenz nach passéieren – dat awer nëmmen ënner strenge Konditiounen.
Quarantän fir Reesender aus dem Kongo
Zousätzlech huet den ugandesche Gesondheetsministère matgedeelt, datt all Persoun, déi aus der Demokratescher Republik Kongo an Uganda areest, sech fir 21 Deeg isoléiere muss.
D’Mesurë sollen hëllefen, eng weider Verbreedung vum Ebola-Virus an der Regioun ze verhënneren.