Iwwer 2300 Persoune sinn entretemps am zentralafrikanesche Land um héichustiechende Virus gestuerwen. Dat ass ee Stierflechkeetstaux vun iwwer 47 Prozent. D‘Weltgesondheetsorganisatioun fäert, datt de momentanen Ausbroch dee gréisste kéint sinn, deen et jee gouf.
D‘Ebola-Epidemie ass Mëtt Mee an der demokratescher Republik Kongo bekannt ginn. Et ass eng Variant vum Virus, géint déi et fir den Ament keng extra Impfung oder speziell Therapie gëtt. Iwwer dausend Ebola-Kranker gëllen awer mëttlerweil als geheelt.