arrow_back_ios
100komma7.lu
WHO
|Ebola an der Demokratescher Republik Kongo breet sech rasant aus
Den Ebola-Ausbroch an der Demokratescher Republik Kongo géif sech méi séier ausbreede wéi bis elo all aner Epidemie, esou d‘Weltgesondheetsorganisatioun WHO. Et ass deen drëttgréissten Ebola-Ausbroch iwwerhaapt. Vu Mëtt Mee u ginn et mëttlerweil 796 Doudesaffer an iwwer 2.000 confirméiert Fäll.
(Foto: picture alliance / photothek | Xander Heinl)