Virun engem décke Mount war d’Infektiounskrankheet am zentralafrikanesche Land ausgebrach. Vun deenen 1.003 Ebola-Fäll an dräi Provënze vum Land si bis ewell 254 Leit gestuerwen.
75 Soignante gestuerwen
Der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no goufen iwwerdeems 75 Soignante mam Virus infizéiert. 17 vun hinne wiere scho gestuerwen. Et wier net bei all de Fäll kloer, ob si sech op der Aarbecht oder am Private mam Virus ugestach hätten, esou d’WHO.
Vun 177 Spideeler wieren nëmme véier Stéck, déi dat néidegt Material an déi néideg Kapazitéiten hätten. D’WHO géif elo probéieren esou séier wéi méiglech d’Spideeler ze beliwweren an d’Personal ze forméieren.