Bis elo war Homosexualitéit am Niger, engem Land mat enger gréisstendeels muslimescher Bevëlkerung gesellschaftlech staark tabuiséiert.
Mat der neier Gesetzgebung gehéiert de Niger elo zu enger Rei vu Länner an Afrika, déi an de leschte Méint a Joren hiren Ëmgang mat LGBTQIA+-Persoune verschäerft hunn. Och a Staaten ewéi Burkina Faso, Senegal oder Ghana goufen d’Strofe respektiv déi gesetzlech Reegelungen an dësem Beräich rezent verstäerkt.