arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fra, déi beim Attentat op den CSD zu Berlin e Samschdeg gestuerwen ass, ass aus Polen

Däitschland

|
reading time

1 min

Fra, déi beim Attentat op den CSD zu Berlin e Samschdeg gestuerwen ass, ass aus Polen

De polneschen Ausseministère mellt, datt d'Affer vun der Attack op de Christopher Street Day aus Polen ass. Nieft hir waren 29 Mënsche beim Attentat zum Deel schwéier blesséiert ginn.

reading time

1 min

© EPA/FILIP SINGER
(Foto: EPA/FILIP SINGER)

De presuméierten 21 Joer alen Täter ass gëschter Owend zu Berlin vu Polizisten erschoss ginn. Hien hat sech an engem Schrebergaart verstoppt, a war mat engem Messer op d’Beamten duergaangen.

De Mann ass an Däitschland gebuer an hat déi däitsch Nationalitéit. Hie war den Autoritéiten als Extremist bekannt an hat d'lescht Joer probéiert sech dem Islamesche Staat unzeschléissen, war awer am Libanon festgeholl ginn. Am November d'lescht Joer gouf hien zeréck an Däitschland bruecht a war am Mee do verurteelt ginn – allerdéngs just op Sursis.

Hamburger CSD soll elo verstäerkt geschützt ginn

Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz huet Konsequenzen ugekënnegt. 

"Wir werden mit Besonnenheit, aber auch mit Entschlossenheit reagieren müssen und vor allem die Frage beantworten müssen, wie es eigentlich sein kann, dass ein Mann, der so eingestuft ist hier in Berlin, sich am Samstagabend unbehelligt in die Nähe des Christopher Street Days begeben konnte und dort diesen Anschlag verüben konnte." 

D‘Police zu Hamburg wëll iwwerdeems déi selwecht Demo zu Hamburg nächste Weekend verstäerkt schützen. Rieds geet vu méi Asazkräften – wéi vill genee op der Strooss wäerte sinn, sot d‘Police awer net.