D‘Geriicht huet et fir erwise gesinn, datt d‘Daniela Klette an de Joren tëschent 1999 an 2016, mat hire presuméierte Komplize Burkhard Garweg an Ernst-Volker Staub, Geldtransporter a Supermarchéen an däitsche Stied iwwerfall huet.
Déi haut 67 Joer al Fra steet zënter Mäerz d‘lescht Joer viru Geriicht. Si war, nodeems si jorelaang ënnergetaucht war, virun zwee Joer zu Berlin gepëtzt ginn.
Si huet der sougenannter drëtter Generatioun vun der lénksterroristescher Rote Armee Fraktioun RAF ugehéiert. Hir Komplizen si weider op der Flucht.