Radioen

On air

Notturno  |  Alabama Shakes - Shoegaze

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EZB setzt Leetzënsen ëm 0,25 Prozentpunkten erof

Wirtschaft

EZB setzt Leetzënsen ëm 0,25 Prozentpunkten erof

Déi Europäesch Zentralbank setzt, wéi erwaart, op en Neits d‘Leetzënsen erof, an zwar ëm 0,25 Prozentpunkten, op elo 3,25 Prozent. D‘EZB-Presidentin Christine Lagarde hat schonn ugedeit, datt am Oktober eng weider Zënsbaisse géif kommen.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Christine Lagarde, Presidentin vun der EZB | © picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt play_arrow
Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt

D‘Inflatioun ass nämlech am September am Euroraum méi staark zeréckgaangen, wéi erwaart. Den éischten Estimatioune vun Eurostat no ass d‘Inflatioun am September, fir d‘éischte Kéier zënter méi wéi 3 Joer, ënnert d‘Limitte vun 2 Prozent gefall. Am August louch den Inflatiounstaux an der Eurozon nach bei 2,2 Prozent.

"D’Informatiounen, déi mir am Moment hunn, weisen, datt d’Desinflatioun um gudde Wee ass. An datt dat esou ass, huet och domat ze dinn, datt et beim Wirtschaftswuesstem zënter kuerzem eng Tendenz no ënne gëtt."

Lauschterenplay_arrow

Dës Weidere misst een déi geopolitesch Situatioun am A halen, sou nach d’Christine Lagarde. Domat wiere besonnesch déi weider Auswierkungen op d’Ekonomie, ausgoend vum russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain, an d’Tensiounen am Noen Oste gemengt. Indikatiounen, ob et bei der nächster Sëtzung eng weider Baisse vum Leetzëns géife ginn, goufen et haut net.