Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU verlängert Gasnoutfallplang

EU-Energieministeren

EU verlängert Gasnoutfallplang

D'’EU-Memberlänner wëlle weider Gas aspueren. Trotz enger däitlecher Verbesserung vun der Versuergungslaag. D’EU-Energieministerinnen- a Minister hu sech haut zu Bréissel drop gëeenegt de Gasnoutfallplang, deen Enn des Mounts ausleeft, em ee Joer ze verlängeren.

auto_stories

1 min

Deemno sollen déi 27 EU-Memberlänner hire Gasverbrauch weider fräiwëlleg em 15 Prozent ënnert dem Duerchschnëttsverbrauch vun der Period tëschent Abrëll 2017 a Mäerz 2022 halen. De Gasnoutfallplang war 2022 lancéiert ginn als Reaktioun op d’Energikris déi duerch de russeschen Ugrëffskrich ausgeléist gi war.