Radioen

On air

Notturno  |  Patsy Cline - Crazy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU oneens iwwer Fuerderung no Wafferou

EU-Ausseministertreffen

EU oneens iwwer Fuerderung no Wafferou

D’Europäesch Unioun ass sech net eens doriwwer, wéi op de Konflikt am Noen Oste reagéiert soll ginn. Konkret ass d’Fro, ob d’EU ee Waffestëllstand an der Gazasträif fuerdere soll, ganz ëmstridden. De Sujet schéngt elo zur Chefsaach ze ginn.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: European Union

Schonn déi lescht Woch hat de Sujet am Europaparlament zu Diskussioune gefouert. Um Enn huet sech d’Parlament drop gëeenegt, kee Waffestëllstand, ma eng humanitär Paus ze fuerderen. Dee nämmlecht Formulatioun fënnt sech elo och am Brouillon vun de schrëftleche Conclusioune vum EU-Sommet erëm. D‘Fro ass, ob dat esou bäibehale gëtt.

Spuenien, Slowenien an Irland setze sech fir humanitär Paus an

Fir esou eng Paus hu sech op der Reunioun vun den Ausseministeren e Méindeg Spuenien, Slowenien an Irland ausgeschwat.

„Et ass liewenswichteg Liewensmëttelen a Medikamenter an d’Gazasträif ze bréngen, dat mënschlecht Leiden ass immens - dowéinst si mir iwwerzeegt, datt déi Paus elo néideg ass“.
sot den ireschen Ausseminister Michael Martin.

Jean Asselborn: Propose fir eng Paus „ass net falsch“

D’Propose vun enger humanitärer Waffepaus vum Uno-Generalsekretär wier net falsch, sot iwwerdeems de Jean Asselborn. Sou wäit, déi explizitt ze fuerderen, wollt hien awer net goen.

“Ich glaube, das Militärische was kommen wird, muss so sein, dass nicht noch Tausende Menschen ihr Leben verlieren. Das würde Isreael nicht dienen und auch der Sache nicht. Dass Hamas zerstört wird, ich glaube da ist jeder vernünftige Mensch damit einverstanden, damit sich das nicht wiederholt, was 7. Oktober geschehen ist.”

Tschechien, Éisträich an Däitschland sinn dogéint

De Kampf géint den Terrorismus kënnt fir anerer virun der Fro vun der Wafferou. Virop Däitschland. E wier essentiel, sou d’Ausseministerin Annalena Baerbock

„Zugleich muss alles dafür getan werden, dass das unglaubliche Leid der zwei Millionen Menschen in Gaza gemildert wird. Das ist eine Quadratur des Kreises.”

Tschechien an Éisträich schléisse sech där Approche un. Hamas an Israel wieren net gläichzesetzen, betount den éisträicheschen Ausseminister Alexander Schallenberg.

„Natürlich würde jeder wünschen, das die Gewalt ein Ende hat. Israel hat aber das Recht zur Selbstverteidigung. Und ich glaube, man muss sich auch einmal in ihre Lage versetzen, wie man sich fühlt nach so einem Angriff, der nicht einmal zwei Wochen zurückliegt.“

Fro gëtt zur Chefsaach gemaach

Den EU-Baussebeoptraagte Josep Borrell huet sech selwer fir eng humanitär Paus ausgeschwat, der Fro, ob eng gemeinsam Positioun virläit, ass hien aus dem Wee gaangen
Dat eenzegt wat mir maache kennen ass, esou eng Paus ze froen, sou de Spuenier.

Ob d’EU dat awer mécht, ass net kloer. Et wier gëscht net doriwwer ofgestëmmt ginn, sou de Josep Borrell. De Sujet wäert ënnert den EU-Staats- a Regierungscheffen diskutéiert ginn. Och hei ass dovun auszegoen, datt d’Meenungen doriwwer ausenee ginn. 

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Europa