Radioen

On air

Concert  |  Dem Haydn seng Schöpfung

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Referendum: Jo fir EU-Memberschaft gewënnt ganz knapps

Iwwerraschend enk

EU-Referendum: Jo fir EU-Memberschaft gewënnt ganz knapps

 Beim EU-Referendum a Moldawien huet de Jo fir d‘EU-Memberschaft ganz knapps gewonnen. Nodeems elo iwwer 98 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt sinn, kënnt de Jo op 50,08 Prozent an den Nee op 49,9 Prozent. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow
Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Gollnow

Dat knappt Resultat ass eng Iwwerraschung, d‘Sondagen haten eng confortabel Victoire fir d‘EU- Memberschaft virausgesot.

D‘Presidentin sortante Maia Sandu huet Amëschung aus Russland responsabel gemaach. Dëst Resultat ass awer elo fir si den Optraach, datt den EU-Kurs vun der fréierer Sowjet-Republik an der Verfassung verankert gëtt. 

De Kreml huet scho reagéiert a seet, et wier net alles richteg gelaf beim Ausziele vun de Stëmmen.

Parallel dozou waren a Moldawien och Presidentewalen. D‘Maia Sandu kënnt am éischten Tour op ronn 40 Prozent, esou virleefeg Resultater. Si géif domat d‘absolut Majoritéit verfeelen a misst an zwou Wochen an eng Stéchwal goen.