search

/ EU-Parlement wëllt Handelsaccord mat USA op Äis leeën

EU - USA

|
headphones

1 min

EU-Parlement wëllt Handelsaccord mat USA op Äis leeën

D‘EU-Parlament wëllt den EU-USA-Handelsaccord op Äis leeën. Dat nodeems d‘Supreme Court an den USA dem Trump seng Taxe gekippt huet, mee den US President Donald Trump neien Importtaxe vu 15 Prozent ugekënnegt huet.

headphones

1 min

© EPA/SHAHZAIB AKBER
(Foto: EPA/SHAHZAIB AKBER)

De President vun der Handelskommissioun am Europaparlament, de Bernd Lange vun der SPD, hat dat gëschter scho gefuerdert. D‘EU-Deputéiert hu sech där Propos ugeschloss. 

D‘Firmen an Europa géifen hoffen, datt den EU-USA Handelsaccord net op Äis geluecht gëtt, sot den Yves Germaux vun der Fedil am 100,7-Interview. De Yves Germaux huet betount, et wier villes onkloer elo, an dat wier net gutt, well d‘Betriber eng Planungssécherheet bräichten. An deem Sënn wier senger Aschätzung ze hoffen, datt den EU-USA Handelsaccord, an deem US-Douanestax  vu 15 Prozent virgesi sinn, bäi behale gëtt.