Ënnerhändler vun den EU-Staaten a vum Europaparlament goufe sech iwwer eng ofgeschwächte Versioun vum EU-Liwwerkettegesetz eens.
Dat soll Entreprisen dozou verflichten, Mënscherechts- an Ëmweltstandarden an hire Liwwerketten ze respektéieren.
Nëmmen nach fir ganz grouss Entreprisen
An där ofgeschwächter Versioun sollen déi Reegelen awer nëmmen nach fir e puer ganz grouss Entreprisë gëllen, mat méi wéi 5.000 Mataarbechter:innen an engem Joresëmsaz vun op d‘mannst annerhallwer Milliard Euro.
Déi ofgeschwächte Versioun muss nach vum EU-Parlament an den EU-Memberstaate guttgeheescht ginn. Normalerweis ass dat eng Formsaach.
Riets Majoritéit
Virun engem Mount hat eng riets-konservativ Majoritéit sech am Europaparlament scho fir ofgeschwächte Reegele beim Liwwerkettegesetz ausgeschwat.
Déi Europäesch Vollekspartei (EVP), zu där och d’CSV gehéiert, hat Ännerunge proposéiert a krut um Enn just eng Majoritéit mat de Stëmme vum riets-extreeme Bord zesummen.