search

/ EU-Kommissioun proposéiert digital Reegelen ze labberen

Méi Kompetitivitéit fir d'EU

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

EU-Kommissioun proposéiert digital Reegelen ze labberen

Verschidde Gesetzer am digitale Beräich sollen um EU-Niveau geännert ginn. Och déi iwwert den Dateschutz si betraff, wat op Kritik stéisst. Zil wier et, déi administrativ Chargë fir Entreprisen ze reduzéieren, esou d’Kommissioun. Si huet ee ganze Pak vu Propose presentéiert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Déi verschidden digital Reegelen an der EU misste besser openeen ofgestëmmt ginn. Verschiddener, wéi d’Gesetz iwwert Kënschtlech Intelligenz, si nach guer net a Kraaft. Elo sollen d’Entreprisen iwwert ee Joer méi laang, also bis Dezember 2027, Zäit kréien, fir se ëmzesetzen. 

EU soll am digitale Beräich méi kompetitiv ginn

Et géing drëm, wichteg Ännerungen ze maachen, fir datt digital Entreprisë kompetitiv kënne sinn, esou de Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun, de Valdis Dombrovskis. 

"Eise Pak haut huet ee klore Message, Europa mécht sech prett fir den digitalen Zäitalter an d’Technologien, déi d’Produktivitéit fir déi zukünfteg europäesch Croissance undreiwen."

Duerch déi Mesurë kéinte bis 2029 Käschte vu bis zu fënnef Milliarde gespuert ginn, esou d’Schätzung vun der Kommissioun.

Bréissel proposéiert och Ännerunge fir dat europäescht Reglement iwwert den Dateschutz. Et geet awer net nëmmen ëm d’Entreprisen. Och d’Reegele fir d’Zoustëmmunge vun Usere solle gelabbert ginn. Zil wier et hei, datt déi sougenannte Cookies manner dacks musse beim Opmaache vun Internetsäite geklickt ginn. 

Ännerungen am Dateschutz stoussen op Kritik

Déi proposéiert Changementer betreffen och den Ëmgank mat perséinlech Donnéeën.

Et géing drëm den Accès vun Donnéeë méi einfach ze maachen a gläichzäiteg d’Privatsphär vun de Bierger ze respektéieren, esou d’Vizepresidentin vun der EU-Kommissioun, d’Henna Virkkunen aus Finnland. 

"Ech denke mir hunn hei ee gudden Equiliber fonnt" 

Iwwer 120 ONGen a verschidde politesch Fraktiounen am Europaparlament haten am Virfeld virdru gewarnt, d’Propose géif d’Rechter vun de Bierger a puncto Dateschutz aushielen. Et gouf och de Reproche, d’EU hätt hei dem Drock vun amerikaneschen Entreprisen noginn. 

play_arrow Lauschteren