Radioen

On air

Concert  |  Een Owend mat Tchaikowski

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ POLINDEX: Héijen Interessi u Politik am Grand-Duché

Etüd

POLINDEX: Héijen Interessi u Politik am Grand-Duché

D’Walcampagne fir d’Europawalen ass nëmme wéineg am Grand-Duché suivéiert ginn. Dat weisen d‘Resultater aus der Etüd POLINDEX, déi am Virfeld vun den Europawale realiséiert ginn ass. Generell wier den Interessi un der Politik awer héich.

auto_stories

2 min

© Adobe Stock / bizoo_n

D‘Etüd fillt ee Mol am Joer de Bols bei der Lëtzebuerger Wielerschaft fir ënnert anerem erauszefannen, wéi si zu der Demokratie, den Institutiounen an zu den Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft steet. De Schwéierpunkt louch dës Kéier op den Europawalen.

Vun de Lëtzebuerger Residenten hu 26 Prozent an der Online-Ëmfro uginn, datt si d’Walcampagne suivéieren. Bei den Net-Lëtzebuerger waren et 16 Prozent.

Ouni Walflicht géifen e gutt Stéck manner Leit wielen

Ronn 1.000 Lëtzebuerger a 500 auslännesch Residenten hu bei der Online-Ëmfro matgemaach. Ënnert anerem ass et de Constat, datt den Intressi un der Politik am Grand-Duché allgemeng relativ grouss ass. Dat mat 74 Prozent bei de Lëtzebuerger Residenten a 55 Prozent bei den auslännesche Residenten.

Wann et awer keng Walflicht méi géing ginn, da géingen der Etüd no ee gutt Stéck manner Leit wiele goen. Bei de Lëtzebuerger hu 25 Prozent uginn, an deem Fall progressiv manner oder net méi wielen ze goen.

Vill Skepsis géigeniwwer der Politik

54 Prozent hunn an der Ëmfro geäntwert, datt si der Politik éischter skeptesch géigeniwwer stinn. D’Vertraue gëtt och als ee vun den Haaptgrënn vun de Befrote genannt ginn, firwat si géingen ee 'vote blanc' ofginn.

D’Haaptsuerg am Grand-Duché ass ouni Iwwerraschung weiderhin de Logement. Dat confirméiert d‘Etüd. Op zweeter Plaz steet bei de Lëtzebuerger d’Ëmwelt a bei den Net-Lëtzebuerger d’Kafkraaft.

36 Prozent vun de Befroten hunn an der Ëmfro iwwerdeems uginn, datt si eréischt eng Woch virun de Walen decidéieren, wien si wielen. Bei de leschten Europawalen 2019 louch deen Taux bei 43 Prozent.