Déi sozial Indicateure wieren amgaangen, sech ze verschlechteren: De Chômage géif mat 6,4, Prozent iwwer dem europäeschem Duerchschnëtt leien an d‘Ongläichheeten tëschent den Akommes géif laangfristeg zouhuelen.
Dat deelt d‘Chambre des Salariés an engem Communiqué mat a berifft sech op eng Etüd vun der Europäescher Kommissioun.
Och d‘Situatioun vu jonke Mënsche wier besuergneserreegend: D‘Zuel vun de Schoulofbriecher géif eropgoen, grad ewéi d‘Zuel vu jonke Mënschen, déi weder an d‘Schoul ginn, nach eng Ausbildung maachen.