Radioen

On air

9 bis 1  |  Lucy Dacus - Ankles

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU: Duerchbroch bei der Asylreform

Verschäerfte Reegelen

EU: Duerchbroch bei der Asylreform

Et gouf en Duerchbroch bei de Verhandlungen iwwer d‘Asylreform an der EU. No jorelaangen Diskussioune wieren d‘Vetrieder vun den EU Länner an dem Europaparlament sech eens ginn, huet déi spuenesch EU-Presidence de Moie matgedeelt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© © European Union 2023 - Source : EP play_arrow
(Foto: © European Union 2023 - Source : EP)

D’Asylregele wäerte generell verschäerft ginn, erklärtent Zil vum Accord ass jo e Stopp vun der illegaler Migratioun. D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet vun engem historeschen Accord geschwat. Am Prinzip gëtt mam neien Text en neien Ulaf geholl fir den Echec vun 2016 wou en änleche Virschlag vun der Kommissioun mat der Flüchtlingskris ënner goung.

Opfangzentren op de Grenzen a méi streng Kontrollen op de Baussegrenzen

Virgesi sinn elo méi streng Kontrollen op de Baussegrenzen, Opfangzentren op de Grenze fir séier Retoure vun Asyldemandeuren déi ofgewise goufen a virun allem en obligatoresche Solidaritéitssystem tëscht de Memberstaaten. Heiriwwer dierfte sech besonnesch déi Staate freeën, déi op de Baussegrenzen am meeschte vun der Problematik betraff sinn. Spuenien an Italien hu sech schonn erliichtert gewisen, vun der italieenescher Regierungscheffin heescht et, Italië géif sech elo net méi eleng fillen.

Den Text muss nach formell vun de Memberstaaten am Conseil a vum Europaparlament gutt geheescht ginn. Ziel ass et den Accord nach virun den Europawahlen am Juni vum nächste Joer ënner Dag ze hunn, domat soll verhënnert ginn, datt d’Theema Migratioun de politeschen Debat dominéiert.

 

Kritik kënnt allerdéngs vu Säite vu Mënscherechtsorganisatiounen, et géif sech ëm en deieren a brutale System handelen, d’Asylrecht an d’Recht op Schutz vu Flüchtlinge géife beschnidde ginn.

Positiv huet de Moien den Inneminister Leon Gloden reagéiert, op Twitter huet hie vun engem gudden Deal geschwat.

 

Lauschterenplay_arrow