De Luc Frieden schéngt sech un dat ze halen, wat och den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz zum neien EU-Budget ze soen huet. D’Europäesch Unioun muss hir Prioritéiten an deem Budget anescht setzen, fir hiren Ambitioune kënne gerecht ze ginn.
D’Aussoen doriwwer, wou genee ee soll anescht erugoen, bleiwen den Ament nach zimmlech vage.
D’Verhandlunge stinn nach ganz um Ufank. Vill Zäit gëtt et awer net méi, bis um Enn vum Joer wëllt ee sech eens sinn.
Premier hält Proposen deels fir onfair
Op engem Punkt ass de Premier Luc Frieden awer kloer. Lëtzebuerg ass net dofir, Steieren eropzesetzen oder neier anzeféieren.
Virun allem déi geplangte Reform vun der Tubakssteier kënnt bei der Lëtzebuerger Regierung net gutt un. Si géing bedeiten, datt Lëtzebuerg misst een Deel vun den Akzisen u Bréissel weiderginn, also selwer däitlech manner Recetten hätt.
Seng Regierung wier ugetrueden, fir Steieren erof- an net eropzesetzen, esou de Premier. Do dierft een elo op europäeschem Niveau net de Contraire maachen.
"Verschidde vun de Propositiounen, déi vun der Europäescher Kommissioun virgeluecht goufen, si géint de Prinzip vun der Kompetitivitéit an déi belaaschte verschidde Länner méi wéi aneren. Dorënner Lëtzebuerg."
D’Opdeelung ënner de Laaschte fir d’Länner misst fair bleiwen, esou och nach de Premier.
D’Europäesch Kommissioun hat och eng nei Steier fir Entreprisë proposéiert, fir op deem Wee Suen an d’EU-Dëppen ze kréien.
Komplett dogéint, esou eng Steier anzeféieren, ass Däitschland. Och Lëtzebuerg ass skeptesch.
"Ech erënneren drun, datt eis Regierung d'Kierperschaftssteier virun engem Joer schonn erofgesat huet, an datt mer dat nach eng Kéier wëlle maachen. Da gi mer elo net de Contraire op europäeschem Plang maachen."
Wann een an Europa d’Betriber duerch falsch steierlech Mesurë belaascht, géingen déi a China, Amerika oder aner Plazen ofwanderen, esou de Premier.
Lëtzebuerg elo am Camp vun deene Knéckegen?
An der Diskussioun ronderëm den Europäesche Budget sti sech traditionell déi Länner entgéint, déi sech dofir asetzen, datt d’Europäesch Unioun méi eege Suen an der Keess huet an déi, déi spuere wëllen.
Dee leschte Camp gëtt och d’"Frugals" oder "déi Knéckeg" genannt. Zu hinne gehéieren traditionell Dänemark, Schweden, Holland an Däitschland.
Op d’Fro, ob Lëtzebuerg elo och zu deene “Knéckegen” Länner gehéiert, sot de Premier net Neen.
"Lëtzebuerg zielt zu deenen, déi fir gesond Staatsfinanze sinn an déi fir Kompetitivitéit sinn. Well Kompetitivitéit huet domat ze doen, dat ech gären hätt, datt an Europa Aarbechtsplaze bleiwen an entstinn."
Et wier eng falsch Iddi just ze soen, datt duerch méi Suen am Dëppen alles besser gëtt, esou de Lëtzebuerger Premier.