No der Reunioun huet d'EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas op der Plattform X geschriwwen, datt een d'Efforte vun den USA ënnerstëtze géif, fir zu engem gerechte Fridden an der Ukrain ze kommen. D'EU géif awer och u weidere Sanktioune géint Russland schaffen an u méi militäreschem Support fir d'Ukrain.
Datt keng Decisioun kann ouni d'Ukrain geholl ginn, doriwwer wieren d'Cheffe vun der europäescher Diplomatie sech no der 4 Stonne Reunioun quasi unanime eens ginn, esou de Xavier Bettel an engem Audiomessage.
"Et kann ee jo net decidéieren, wat mat engem Land geschitt, ouni datt d'Land selwer invitéiert ass."
Participatioun vum Wolodymyr Selenskyj weider onkloer
Et wier ëmmer nach net kloer, ob den ukrainesche President beim Treffen an Alaska wäert dobäi wäert sinn, esou de Xavier Bettel. Doriwwer eraus géif et jo och ëm d'Sécherheet an Europa goen: "Dofir ass et och wichteg, datt mir als Europäesch Unioun mat agebonne ginn, wann Decisioune géife geholl ginn." E Waffestëllstand wier awer mol déi éischt Virconditioun, esou de Lëtzebuerger Ausseminister.
Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul huet änlech Wierder fonnt.
"Es müssen wirklich die Waffen schweigen, damit man reden kann"
Russland géif vëlkerrechtswiddreg ukrainescht Gebitt besetzen, esou den däitschen Ausseminister.
Friedrich Merz wëllt d'Saach an d'Hand huelen
Et wier allgemeng e bësse Beweegung op europäescher Säit komm. Parallel zum Ufank vun der Videokonferenz vun den EU-Ausseministeren hat den däitsche Kanzler Friedrich Merz erkläert sech muer um Mëttwoch mam US-President Donald Trump, mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj a mat aneren europäesche Regierungscheffen iwwer den Ukrainkrich wëllen ze beroden.
Donald Trump: Ofkommes zum Ukrainkrich wier net seng Aufgab
Den Donald Trump sot iwwerdeems hie géif sech eng konstruktiv Renconter mam Wladimir Putin erwaarden. En Ofkommes zum Ukrainkrich géif hien allerdéngs net ustriewen, well dat net seng Aufgab wier. Direkt no der Entrevue mam Wladimir Putin wëllt den Donald Trump de Wolodymyr Selenskyj uruffen an déi europäesch Staats- a Regierungscheffen iwwer de Sommet informéieren. Zu gudder Lescht wëllt den US-President eng Renconter tëschent Wladimir Putin a Wolodymyr Selenskyj nom Sommet vun e Freideg. Wann dat gewënscht wier, wier hie bei där Entrevue dobäi.
"The next meeting will be with Zelensky and Putin, or Zelensky and Putin and me. I’ll be there if they need. But I wanna have a meeting set up between the two leaders."
Allerdéngs huet sech den Donald Trump och rose gewisen iwwer de Refus vum Wolodymyr Selenskyj fir Territoire u Russland ofzetrieden.