arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi enk Zesummenaarbecht tëschent EU a Japan 

International

|
headphones

1 min

Méi enk Zesummenaarbecht tëschent EU a Japan 

D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun Ursula von der Leyen an de Conseilspresident Antonio Costa si fir ee Sommet zu Tokio. Bei de Gespréicher mam japanesche Premier Shigeru Ishiba goung et och ëm d’Kooperatioun an der Sécherheet an der Verteidegung.

headphones

1 min

Ursula von der Leyen | © European Union
Ursula von der Leyen (Foto: European Union)

Japan wier deen enkste Partner am indo-pazifesche Raum, esou den Antonio Costa op enger Pressekonferenz zu Tokio. D’EU a Japan géifen déi nämmlecht Wäerter deelen, esou d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen. 

Duerch eng besser Partnerschaft sollten déi néideg Sécherheete fir Investisseure geschafe ginn an. Et wielt een och d’Zesummenaarbecht am Beräich vu kritesche Rohstoffer, Semikondukteren a Batterië verstäerken. 

Accord tëschent USA a Japan

E puer Stonne virun deem EU-Japan-Sommet hat den amerikanesche President een Accord mat Japan annoncéiert. Et wier een sech géigesäiteg iwwert Douanestaxe vu 15 Prozent eens ginn, esou den Donald Trump op senger Onlineplattform “Truth”. Virdrun hat hien nach 25 Prozent gefuerdert.

De japanesche Premier huet déi Nouvelle begréisst a gesot, et wier deen niddregsten Taux ënnert deene Länner, déi een Handelsiwwerschoss mat den USA hunn.