arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun wëllt Israel wéinst humanitärer Katastroph sanktionéieren

Situatioun an der Gazasträif

|
headphones

1 min

EU-Kommissioun wëllt Israel wéinst humanitärer Katastroph sanktionéieren

D'EU-Kommissioun proposéiert Sanktioune géint Israel wéinst der humanitärer Katastroph an der Gazasträif. D'Kommissioun géif de Memberlänner recommandéieren d'Participatioun vun Israel um Fuerschungsprogramm Horizon Europe deelweis ze suspendéieren.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | David Young
(Foto: picture alliance/dpa | David Young)

Bei de Sanktioune geet et ëm den Accès zu EU-Sue fir Startup-Entreprisen am Beräich Technologie. Déi permanent Vertrieder vun den EU-Memberstaaten zu Bréissel kéinte sech haut um Dënschdeg nach domat befaassen.

Israel huet d'Propos vun der EU-Kommissioun kritiséiert. Dat géif derzou bäidroen, d'Hamas ze stäerken, esou den israeeleschen Ausseministère.