Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E positiven Tëschebilan virum Schluss vun den Olympesche Spiller

OLYMPESCH SPILLER

E positiven Tëschebilan virum Schluss vun den Olympesche Spiller

Sechs Deeg virum Enn vun den Olympesche Spiller, seet de Chef de Mission vun de Lëtzebuerger Sportler Raymond Conzemius, datt de virleefege Bilan eigentlech ganz gutt ausfale géif. Hie verweist op déi 3 Top 20-Placéierunge vun de Lëtzebuerger:innen, dat hätt een nach ni esou gehat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Och wann déi eng Toppleeschtung feele géif, wieren d’Resultater generell awer remarkabel, seet de Chef de Mission zu Paräis. Zu Paräis hätt een eng Entwécklung vum Lëtzebuerger Leeschtungssport kënne gesinn.

Lëtzebuerger Olympionike kënnen zefridde sinn

Vläicht wier deen een oder anere Sportler net grad do gelant, wou e wollt, erkläert de Raymond Conzemius, mee hien hätt eng ganz professionell Astellung an och déi richteg Mentalitéit vun den Olympionike gesinn. Jiddereen hätt dat ofgeruff, wat e kéint, an domat kéint een zefridde sinn. Eng Rei Sportler hätte sech och gutt klasséiert, op Weltniveau, esou zum Beispill den Nicolas Wagner. Ënnert dem Stréch kéint ee festhalen, datt all d’Sportler hir Plaz zu Paräis haten a si stolz op sech kéinte sinn.

"Fir iwwerhaapt heihin ze kommen, ass schonn en Exploit. An dann eben déi (…) Iddi vun Top 20-Placéierungen: Jo, do kann een als Lëtzebuerg scho ganz houfreg drop sinn!"

13 Sportler op den nächste Spiller "realistesch"

Kuckt een elo no vir, op d’Olympesch Spiller 2028, da sinn d’Ni Xia Lian, d’Christine Majerus an de Bob Bertemes zu Los Angeles net dobäi, mee sécher e Virbild fir déi, déi nokommen. Et wieren och eng Rëtsch Sportler:innen hannendrun, déi Paräis verpasst hunn, plus neier. Deemno wieren 13 Lëtzebuerger Sportler:inne fir Los Angeles 2028 och realistesch, esou nach de fréiere Liichtathlet.

Fir de Raymond Conzemius waren déi Lëtzebuerger Echoen op d’Spiller och positiv, souwuel bei de Leit, déi op Paräis koumen, wéi bei deenen, déi se vun doheem aus verfollegt hunn. An op der Plaz wier d’Ambiance iwwerall immens gewiescht.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Olympesch Spiller 2024
Sport