Radioen

On air

Notturno  |  Duffy & Uhlmann - Braid

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Forfait fir Demenzkranker bei der Fleegeversécherung

Weltalzheimerdag

E Forfait fir Demenzkranker bei der Fleegeversécherung

Am Kader vum Weltalzheimerdag den 21. September formuléiert déi Lëtzebuerger Alzheimerassociatioun ALA hir Fuerderunge fir d’Liewe vun Demenzkranken an hire Familljen ze verbesseren. D’Associatioun weist drop hin, datt bei der Fleegeversécherung e Forfait fir d’Soinen de Betraffenen hëllefe kéint.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
D’Lydie Diederich ass Directrice vun der ALA

En Demenzkranke kritt bei der Astufung bei der Fleegeversécherung aktuell déi Leeschtung, déi och eng aner Persoun mat de selwechte Gebriechlechkeeten, mee ouni Demenz ze gutt huet. D’ALA fënnt, datt e spezifesche Forfait fir Demenzpatiente besser wier. “D’Fleeg vun Demenzpatient geet dacks méi lues”, seet d’Lydie Diederich, Directrice vun der ALA. “Einfach, well de Betraffenen net ëmmer wierklech versteet, wat vun him verlaangt ass, an dofir méi Zäit brauch”.

Nach wier d’Hëllef, déi aktuell vun der Fleegeversécherung kënnt, awer gutt, ënnersträicht d’Lydie Diederich.

Doheem oder an enger Struktur?

Änleches gëllt och fir d’Plazen an d’Fleegestrukturen. U sech géifen et genuch Platzen zu Lëtzebuerg ginn, fënnt d’Directrice vun der ALA. Et géif awer u spezifesch Platze fir Demenzpatiente feelen. D’Lydie Diederich recommandéiert, de Betraffenen esou laang ewéi méiglech doheem ze halen. Dacks kënnt awer en Ament, wou dat net méi geet.  

Versteesdemech fir de Kranken

Bei eis liewen eng 7.600 Leit, déi offiziell Demenz hunn. Deelweis ginn et Beréierungsangscht mat Demenzkranken, allerdéngs hätt d'Mentalitéit an de leschte Joren awer geännert, seet d'Lydie Diederich. Fakt wier awer, datt der vill einfach net wëssen, wei si mat engem Kranken ëm ginn. “Deem säin Ëmfeld gëtt da séier méi kleng”, bedauert d’Lydie Diederich. 

Lauschterenplay_arrow

Gesondheet
Politik a Gesellschaft