Radioen

On air

9 bis 1  |  The Shins - Phantom Limb

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Thermen zu Stroossen: “Wir sind gut aufgestellt”

Den Hallwer Néng

D'Thermen zu Stroossen: “Wir sind gut aufgestellt”

Wärend dem Summer hunn d’Schwämmen déi eng oder aner Kéier fir Gespréich gesuergt. Sief dat wéinst dem allgemenge Manktem u Schwammmeeschter:innen, dem Burkini-Verbuet zu Réimech, oder engem kriteschen Tëschefall mat engem Kand zu Veianen. Wéi ass d’Situatioun an der gréisster zouener Schwämm am Land?

auto_stories

2 min

headphones

10 min

Jutta Kleiber | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

D’Thermen zu Stroossen sinn och am Wanter op. Esou kann ee quasi dat ganzt Joer iwwer bis deels spéit owes um 22:00 Auer dohi schwamme goen. Et schéngt also net u Personal zu Stroossen ze feelen. “Wir sind gut aufgestellt”, betount d’Direktesch vun der Schwämm, d’Jutta Kleiber.

Et géing een awer mierken, datt manner Leit um Beruff vum Schwammmeeschter interesséiert wieren: “Wir bekommen weniger Bewerbungen oder Ausbildungsanfragen.” De Beruff misst méi populär gemaach ginn, mengt d’Jutta Kleiber. Schliisslech wier et een immens ofwiesselungsräiche Beruff. D’Direktesch zielt hei d’Schoulschwammen, Schwammcoursen an Animatioun op.

Mee natierlech ginn et och Nodeeler. Dat weess och d’Jutta Kleiber. Sou kann een net vum Homeoffice profitéieren, et muss een owes a weekends schaffen, a sou kann et manner evident ginn, eng zefriddestellend Work-life-balance ze etabléieren.

D’Thermen zu Stroosse hunn aktuell awer genuch Personal. Dat och, well ënner anerem argentinesch a spuenesch Schwammmeeschter hir Ausbildung vum Ministère unerkenne gelooss hunn. Duerch Rettungsübungen, déi eemol am Joer an der Schwämm duerchgefouert ginn, gëtt och “die Rettungsfähigkeit aller Mitarbeiter” getest, erkläert d’Jutta Kleiber.

Schwammburkinis stelle kee Problem duer, anerer schonn

Wéi wichteg dës reegelméisseg Übungen an Tester sinn, huet sech virun e puer Wochen zu Veiane gewisen. Do wier e jonke Bouf bal erdronk. Esou Situatioune wieren awer ganz kloer d’Ausnam, ënnersträicht d’Direktesch vun den Thermen. Kritesch Situatioune wieren net ëmmer ze vermeiden. Dofir huet si och nees den Appell un d’Eltere gemaach, méi Opmierksamkeet op d’Kanner ze riichten. Den Handy wier eng grouss Oflénkungsgefor, esou nach d’Jutta Kleiber.

Sozial Konflikter léise gehéiert och zu den Aufgaben an enger Schwämm. Do huet rezent e Beispill zu Réimech fir Opmierksamkeet gesuergt, wou Fraen a Burkinis net an d’Schwämm hunn dierfte goen. Et muss een dat richtegt un hunn, betount d’Jutta Kleiber. Schwammburkinis wiere kee Problem, et wier ze vergläiche mat engem Neopren. Burkinis aus Bamwoll awer wier problematesch wéinst der Sécherheet an der Hygiène.

Datt net all Schwämm déi selwecht Reegelen hätt wier sécher net optimal, esou nach d’Jutta Kleiber, mee et géing ee sech awer mat anere Piscinnen ofschwätzen, fir d’Reegelwierker esou homogen wéi méiglech ze halen.

Lauschterenplay_arrow

Gesondheet
Politik a Gesellschaft