Radioen

On air

Moiesstudio  |  Réckbléck op d'Poopstvisitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Accord fir e Kannerhospiz zu Lëtzebuerg

ASBL pour une parenthèse

Accord fir e Kannerhospiz zu Lëtzebuerg

D'Doktesch Isabelle Kieffer, d'Presidentin vun der Associatioun Pour une parenthèse, wëllt en Erhuelungshaus fir schwéier krank Kanner a Jugendlecher a palliativer Betreiung, souwéi fir hir Famillje schafen. Haut gëtt et esou eng Offer nach net. Fir déi Betraffe kéint et awer eng reell Entlaaschtung duerstellen. Wéi zum Beispill fir den André Loutsch. 

auto_stories

3 min

headphones

10 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Den André Loutsch ass Papp vun deem néng Joer alen Tristan, dee palliativ betreit gëtt. Den Tristan huet eng ganz seele Krankheet: d’Hémiplégie alternante du nourrisson. Eng Krankheet déi nëmmen 8 Persounen a ganz Europa betrëfft. 

"Dat ass eng relativ schwéier epileptesch Krankheet. Hie sëtzt am Rollstull, hie kann net goen, hie kann net schwätzen, hien ass komplett op eis ugewisen." 

En Traitement oder eng Heelung gëtt et net

Den Tristan leit ënnert ville Lämungen a muss rondëm d'Auer betreit a gefleegt ginn. Wärend der Schoulzäit geet den Tristan daagsiwwer an de Centre pour le Développement moteur. De Rescht vun der Zäit ass hien doheem. Seng schwéier epileptesch Ufäll bedeiten, datt hie ronderëm d’Auer muss iwwerwaacht ginn. Wann et dozou kënnt muss ganz séier gehandelt ginn. 

"Do si mer relativ gutt opgestallt zanter engem Joer, datt mer net méi sou oft brauchen an d’Clinique ze goen. Bis virun engem Joer war dat all 14 Deeg Helikopter an an d’Clinique, well et einfach ganz akut ass. An déi Situatioun stréckt eis natierlech relativ heiheem fest." 

Dräi Deeg, dat ass de Maximum deen den André Loutsch mat senger Famill, ouni den Tristan, bis ewell fort war.

Lauschtert hei de ganze Reportage vum Tristan a senger Famillplay_arrow

Eenzeg Optioun: Betreiung doheem

Fir den Tristan bleift am Moment just d'Fleeg doheem, wuel mat Hëllef vun de verschidden Acteuren um Terrain, awer ebe ronderëm d’Auer, all Dag, all Nuecht, ouni Paus. Nieft engem enormen administrativen Opwannd kënnt och e grousse psychologeschen Drock dobäi. Déi Betraffen hunn awer bis elo keng zentral Ulafstell, wou si an deem Beräich kéinten ënnerstëtzt ginn. 

Genau fir esou Famillje fuerdert d'ASBL Pour une parenthèse eng maison de répit. Am Däitsche géif ee vun engem "Kinderhospiz" schwätzen. Also eng Struktur an där déi doudkrank Kanner kënne betreit a begleet ginn an d'Familljen entlaascht kënne ginn. Speziell un dëser Maison de répit wier, datt ee mat deene ganz verschiddene Krankheeten, an domat ganz verschiddene Besoinen, kéint dohinner kommen, erkläert d'Isabelle Kieffer am 100,7-Interview. 

Maison de répit kéint Wierklechkeet ginn

D'Iddi vun enger Maison de répit géif schonn zënter iwwer 10 Joer festgehale ginn. Elo kéint de Projet Wierklechkeet ginn. De Ministère hätt säin Accord ginn. Et géifen nach oppe Froen zum Finanzement an der Bauplaz ginn, awer d'Isabelle Kieffer weist sech zouversiichtlech, datt d'Struktur elo ka gebaut ginn. De Ministère wéilt dobäi op de Wee goe fir 12 stationär Better anzeriichten an een ambulanten Deel. Domat wier d'asbl ganz zefridden, erkläert d'Presidentin. 

Den Interview mat der Isabelle Kieffer lauschterenplay_arrow

Gesondheet
Politik a Gesellschaft