Radioen

On air

Notturno  |  Robert Wyatt - At Last I Am Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Duerchschnëttspensioun zu Lëtzebuerg läit bei 3.235 Euro

Joresrapport vun der IGSS

Duerchschnëttspensioun zu Lëtzebuerg läit bei 3.235 Euro

Eng Reserve, déi schmëlzt. Eng Zuel vu Pensionnairen, déi méi séier zouhëlt wéi déi vun de Leit, déi cotiséieren. An een Defizit, dee virun allem op d‘Finanzmarchéen zeréckzeféieren ass. An hirem Joresrapport huet d‘Inspection générale de la sécurité sociale eng ganz Rei vun Zuelen iwwert de Lëtzebuerger Pensiounssystem verëffentlecht.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Archiv / Bigstock

Enn Dezember 2022 goufen iwwer 211.000 Pensioune vun der nationaler Pensiounskeess ausbezuelt. Dat war ee Plus vun 3,6 Prozent op ee Joer gesinn. 40,9 Prozent vun dëse Pensioune goufen u Leit ausbezuelt, déi hir ganz Schaffkarriär zu Lëtzebuerg waren.

Déi aner Beneficiairë sinn zum groussen Deel och bei auslännesche Keese gemellt gewiescht. An der Haaptsaach an den direkten Nopeschlänner. Eppes iwwer Hallschent vun de Pensioune sinn d‘Ausland iwwerwise ginn. 1995 loung deen Taux nach bei just engem Véierel.

Novum: Zuel vu Pensionnairë wiisst méi séier wéi déi vun Assuréen

Eng Duerchschnëtts-Alterspensioun beleeft sech momentan reng rechneresch op 2.398 Euro, allerdéngs sinn och hei och Deelkarriäre vu Frontaliere mat dran, déi also och nach vu Pensiounen am Ausland profitéieren. Kuckt ee just d‘Pensiounen, déi no enger kompletter Lëtzebuerger Karriär ausbezuelt ginn, sou belafen déi sech am Schnëtt op 3.235 Euro.

D‘Zuel vun de Pensionnairë wiisst dann och weider, virun allem och par Rapport zu deene Leit, déi cotiséieren: 2022 ass d‘Zuel vun de Pensionnairë souguer fir d‘éischte Kéier méi séier gewuess, wéi déi, vun Assuréen.

Onsécherheeten um Finanzmarché spillen och eng Roll

Dat dréckt mat der Zäit op d‘Reserven: Zwar leien d‘Cotisatiounsrecetten 2022 nach ëmmer 14,5 Prozent iwwert den Depensë fir Prestatiounen, an dës Recettë sinn dat Joer souguer ëm iwwer 8 Prozent geklommen. Trotzdeem weist d‘consolidéiert Resultat fir dat Joer ee Minus vun 2,5 Milliarden Euro an d‘Reserve deckt momentan nach 4,29 Mol d‘Zomm vun de Joeresprestatiounen.

De Minus ass virun allem drop zréckzeféieren, datt d‘Prestatiounen ëm 9 Prozent geklomme sinn an d‘Investissementer vum Fonds de Compensation um Finanzmarché largement defizitär waren. Hei goufe wéinst den Onsécherheeten um Finanzmarché 3,1 Milliarden Euro verluer.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft