Réckwierkend op den 1. Januar ass dat neit Ofkommes tëschent Lëtzebuerg an Däitschland a Kraaft getruede mam Zil, fir d‘Duebelbesteierung awer och Steierhannerzéiung ze verhënneren. Iwwer déi nei Reegelung kënnen däitsch Frontalieren elo och 34 Deeg d’Joer vun doheem aus schaffen, ouni datt si an hirer Heemecht besteiert ginn.
Schonn eng eenzeg Iwwerstonn gëtt duebel besteiert
OGBL an LCGB begréissen dës Changementer. Frontalieren, déi Iwwerstonne leeschten, géifen duerch déi nei Reegelung awer benodeelegt. Scho wann nëmmen eng eenzeg Iwwerstonn geleescht gouf, gëtt se an Däitschland besteiert. Dobäi wier et egal, wéi eng Nationalitéit een hätt, oder ob een a béide Länner Revenuen hätt, erkläert de Christophe Knebeler, Generalsekretär adjoint vum LCGB.
"Dat ass fir eis eleng vun der Aart a Weis, wéi dat do geschitt ass, prinzipiell inakzeptabel, et ass awer och vum Prinzip hier inakzeptabel, well Iwwerstonnen zu Lëtzebuerg sinn net besteiert. An elo hätte mir dann eng Kategorie vu Leit, nämlech déi däitsch Grenzgänger, déi elo Steiere misste bezuelen, esou datt dat de facto eng Diskriminatioun ass.“
Réckwierkend op den 1. Januar
Iwwer 52.000 däitsch Frontalieren si potentiell vun där neier Mesure betraff. Den Zentralsekretär fir déi däitsch Grenzgänger beim OGBL, den James Marsh, kritiséiert och, datt déi nei Reegelung réckwierkend op den 1. Januar a Kraaft getrueden ass.
"Wenn ich jetzt schon Überstunden ausgezahlt bekommen habe, muss ich automatisch ne Steuererklärung in Deutschland machen, was natürlich mit Aufwand und vor allem auch mit einem finanziellen Aufwand verbunden sein kann.“
Situatioun nach ni do gewiescht
Wéi héich genee d‘Besteierung vun den Iwwerstonnen an Däitschland wäert ausfalen, wier den Ament nach schwéier ofzeschätzen, mengt den James Marsh, well d‘Situatioun virdrun nach ni do gewiescht wier.
"Je nach Einkommensverhältnis ist es natürlich unterschiedlich, bin ich verheiratet, nicht verheiratet, in welcher Steuerklasse bin ich usw. Aber da reden wir schon von einer Besteuerung, alles zwischen 30 und über 40 Prozent.“
Iwwerstonnen net méi ausbezuele loossen?
Eng Tatsaach, déi dozou kéint féieren, datt däitsch Frontalieren eventuell keng Iwwerstonne méi wéilte maachen, gëtt de Christophe Knebeler vum LCGB ze bedenken.
"Respektiv och Leit, déi do soen, wann dat esou ass, da loossen ech mir keng méi ausbezuelen, dann huelen ech mir beschtefalls nach fräi amplaz vun der Iwwerstonn, an dat ass natierlech kontraproduktiv. Well éischtens sou kritt ee keng Rou an de Betrib, an zweetens wéi wëllt nach e Betrib sech do hannendrun organiséieren?“
En Impakt also net nëmmen op déi däitsch Frontalieren, mee och op d‘Lëtzebuerger Wirtschaft, warnen déi zwee Gewerkschaftler.
Accord vun den zwee Länner néideg
OGBL an LCGB hunn eng Entrevue mam Finanzminister ugefrot, fir de Problem ze thematiséieren. Déi soll dësen Donneschdeg sinn, huet eis de Gilles Roth op Nofro confirméiert.
Den CSV-Minister weist sech oppe fir no enger Léisung ze sichen, betount awer:
"Wann een en Duebelbesteierungsofkommes mécht, dann ass deen ee Staat, dee mat deem anere Staat eppes vereinbart, an da kann een net eesäiteg eppes ofänneren, da muss een den Accord vun deenen zwee hunn.“
Keng Handhab iwwer d‘Besteierung an Däitschland
Als diskriminéierend empfënnt de Finanzminister déi nei Reegelung iwwerdeems net. Hei am Land géifen d‘Iwwerstonne vun den däitsche Grenzgänger jo nach ëmmer net besteiert ginn, iwwer d‘Besteierung an hirer Heemecht hätt Lëtzebuerg keng Handhab.
Des Weidere géif een an Däitschland souwisou eréischt ab engem gewësse Montant Steieren op den Iwwerstonne bezuelen….
"An do kann et vun där enger oder der aner Situatioun ofhänken, datt obwuel Däitschland e Besteierungsrecht huet, datt am Endeffekt duerch déi Fräibeträg déi bestinn, déi Iwwerstonnen iwwerhaapt mol méi oder manner besteiert vläicht ginn.“
Nuets-, Sonndes- a Feierdagsstonne falen iwwregens net ënner déi nei Reegelung, déi ginn hei am Land besteiert.