Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israeelesch Arméi: Héijen Hamas-Leader ass dout

Israel confirméiert

Israeelesch Arméi: Héijen Hamas-Leader ass dout

Déi israeelesch Arméi huet den Doud vum drëtt-héchsten Hamas-Leader an der Gazasträif confirméiert.

auto_stories

1 min

De Marwan Issa wier bei enger Loftattack virun zwou Wochen ëm d‘Liewe komm, esou de Spriecher vun der israeelescher Arméi. De Marwan Issa war d‘Nummer zwee vun de Kassam-Brigaden, dem arméierten Aarm vun der Hamas.

An der Gazasträif géif weider eng akut Gefor vun Hongersnout bestoen, soen Hëllefsorganisatiounen. Bei der Liwwerung vun Hëllef wieren och 18 Palästinenser ëm d‘Liewe komm. Eng Partie vun hinne wieren erdronk, wéi si Hëllefspäck, déi mat Fallschiermer erofgepucht goufen, aus dem Mier wollten huelen.