Datt hien den Täter war steet net méi zur Fro.
Hie war den 1. Dezember 2020 mat sengem SUV duerch d‘Foussgängerzonen zu Tréier gerannt an hat bewosst Foussgänger iwwerrannt. Hie gouf an éischter Instanz zu liewenslänglechem Prisong verurteelt an an enger zouener psychiatrescher Klinik ënnerbruecht.
Beim Täter gouf eng paranoid Schizophrenie diagnostizéiert. Wéinst Rechtsfeeler hat de Bundesgeriichtshaff no enger Revisioun vum Ugekloten d‘Urteel aus éischter Instanz gréisstendeels opgehuewen.