Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
search

/ Hamas revendiquéiert déi déidlech Schéisserei zu Jerusalem

Dräi Doudeger

Hamas revendiquéiert déi déidlech Schéisserei zu Jerusalem

Bei enger Schéisserei zu Jerusalem sinn engem neie Bilan no dräi Mënschen ëm d‘Liewe komm. Et wieren och Leit blesséiert ginn, zum Deel schwéier, sou déi israeelesch Autoritéiten. Déi islamistesch Hamas huet d'Dot fir sech revendiquéiert.

auto_stories

1 min

Israel seet, datt zwee Täter, déi bei engem Bus-Arrêt op Leit geschoss hunn, neutraliséiert gi wieren. Op genee där nämmlechter Plaz war viru bal engem Joer bei engem Bommenattentat e Jugendleche gestuerwen an 11 Mënsche blesséiert ginn.

D‘Attack hat deemools den Islamesche Staat fir sech revendiquéiert.