Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Justice - D.A.N.C.E.

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Douane: 2023 goufen iwwer 91.000 gefälschten Artikel confisquéiert

Pertë vu 50 Milliounen Euro

Douane: 2023 goufen iwwer 91.000 gefälschten Artikel confisquéiert

D‘lescht Joer huet d‘Douane hei am Land iwwer 91.000 gefälschten Artikele confisquéiert. Dat bei 600 Kontrollen. Dat äntwert den zoustännege Minister Lex Delles op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

auto_stories

1 min

Gefälscht Artikel | © picture alliance / NurPhoto | Anusak Laowilas
Gefälscht Artikel (Foto: picture alliance / NurPhoto | Anusak Laowilas)

Duerch Fälschungen – virun allem vu Kleeder, Spillsaachen a Kosmetiksaachen – géif Lëtzebuerg an deene Secteure Pertë vu 50 Milliounen Euro maachen. Dat wier awer, am Verglach mam europäeschen Ausland, net vill. Do géifen duerch Fälschunge Milliarden Euro verluer goen.