Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dossier Heescheverbuet: Léon Gloden huet vollsten Ënnerstëtzung vum Premier

Reaktioun op d'Ausso vun der Martine Solovieff

Dossier Heescheverbuet: Léon Gloden huet vollsten Ënnerstëtzung vum Premier

“Ech gesi kee Verstouss géint d’Verfassung.” Dat seet den Inneminister Léon Gloden am Kontext vum Heescheverbuet als Reaktioun op d’Aussoen, déi d’Procureure générale d’Etat am 100,7 Interview gemaach huet.

auto_stories

1 min

D’Martine Solovieff sot, wann déi éischt Affäre vun Heescherte géifen era kommen, déi sech net un d’Stater Policereglement gehalen hunn, da géif de Parquet seng Responsabilitéit iwwerhuelen. An dee Moment misst een och klären, ob d'Heescheverbuet konform zur Verfassung wier.

Um Bord vun engem informelle Conseil zu Bréissel huet de Léon Gloden op eis Nofro hin nach betount, hien hätt am Dossier Heescheverbuet déi vollsten Ënnerstëtzung vum Premier Luc Frieden.