Ugefaangen huet et wéi der Police een Auto wéinst engem geféierleche Manöver opgefall ass. D‘Police ass bei de Chauffer heemgaangen. Deen huet refuséiert, een Alkoholtest ze maachen. Hien huet d‘Police duerno mat enger Waff bedreet.
Si hu Verstäerkung geruff – d‘Spezialunitéit konnt de Mann du sécherstellen. Hien krut ee Protokoll wéinst Rebellioun. Hie krut de Führerschäin och ofgeholl, well hien den Alkoholtest refuséiert huet. De Concernéierten duerft duerno awer erëm heem goen.