Radioen

On air

9 bis 1  |  Porches - Mood

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Doktoraarbecht vum Robert Habeck am Viséier vun engem "Plagiatsjäger"

Bundestagswahlen

Doktoraarbecht vum Robert Habeck am Viséier vun engem "Plagiatsjäger"

Zwou Woche virun de Bundestagswalen an Däitschland ass de grénge Kanzlerkandidat Robert Habeck elo wéinst Plagiat am Viséier.

auto_stories

1 min

Et geet dobäi ëm seng Dokteraarbecht, déi hien 2001 publizéiert hat. Den Habeck huet elo an engem Video op de soziale Medien, op déi Virwërf reagéiert, ier se offiziell public gemaach gi sinn. Hie seet do, datt eng Iwwerpréiwung vun der Ombudsplaz vun der Uni Hamburg zur Konklusioun komm wier, datt et kee wëssenschaftlech Feelverhale ginn hätt. Dat huet d‘Uni och confirméiert.