arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Django Django - "Doveland"

Album vun der Woch

|
reading time

3 min

Django Django - "Doveland"

Op hirem sechsten Album "Doveland" erzielt déi brittesch Band Django Django vun der musikalescher Sich no enger mythesche Stad. 

reading time

3 min

© Horacio Bolz
(Foto: Horacio Bolz)

“Default”, déi éischt Single vum Quartett Django Django aus dem Joer 2012, huet direkt begeeschtert. Hei gouf genee dat gebueden, wat ee sech vu gudder Popmusek wënscht: En Arrangement, dat duerch seng Originalitéit dozou invitéiert, d’Oueren ze spëtzen, an eng Melodie, déi sech et dono am Gehéier direkt gemittlech mécht.

Véierzéng Joer a fënnef Albume méi spéit presentéiert d’Band mat “Doveland” eng Plack, déi hir gewinnte Manéier fir ze schaffe grondleeënd a Fro stellt. 

Liicht Erënnerungen u fréier Alben

Déi éischt Single “Cameos” erënnert mat sengem effikasse Refrain nach un déi alleréischt Singelen.

An der Vergaangenheet waren den David MacLean, de Vincent Neff, Jimmy Dixon an den Tommy Grace fir hir Freed um Experimentéiere bekannt. Hir Placke waren e Kaleidoskop vun Iddien, déi awer net ëmmer zu engem Ganzen zesummefonnt hunn.

2023 hate si dat op d’Spëtzt gedriwwe mam Album “Off Planet”, op deem ganzer 21 Titelen ze héiere waren. 

Eng Rees duerch den Espace

“Doveland” verstoppt seng Referenzen net. Ëmmer erëm ginn d’Beatles zitéiert, zum Beispill op “Left Adrift”, “So Heavy” oder am leschte Stéck “Feel Alright”. Awer och Steely Dan, de Ry Cooder an aner Vertrieder:inne vum klassesche Rock vun den 1970er héiert een eraus.

D’Synthesizer, déi soss gären am Vierdergrond stoungen, loosse Gittar, Bass a Batterie d’Haaptroll an erschafen amplaz dovunner Raum, wat bei d’Konzept vun der Rees duerch grouss Espacë passt. 

Lidder mat Sträichinstrumenter a Gaaschtoptrëtter

Fir d’éischte Kéier huet Django Django zesummen am Studio geschafft. Produzéiert huet de fréiere Museker vu Franz Ferdinand Nick McCarthy zesumme mat senger Partnerin Polly Ester, där hir Sträicherarrangementer d’Lidder (wéi zum Beispill “Still Life” mat sengem epeschen Outro) nach eemol méi grouss maachen.

Nëmmen e puer Titele briechen aus dem Schema aus, zum Beispill déi akustesch verdreemte Balladen “Meteorite” a “Birdland”, reng Instrumentaltitele wéi “Quicksand” oder “Little Me”, op deem de Rapper Hak Baker e Gaaschtoptrëtt huet. 

D’Sich, déi Django Django op hirem sechsten Album inzenéieren, ass natierlech virun allem emol hir eegen. “Doveland” ass en Ukommen, op alle Fall emol fir de Moment.