Musikalesche Chaos
Op dësem Album kann een natierlech d'Fundament vun der Band nach ëmmer rëmfannen: Art-Pop mat enger Mëschung aus Funk, Hip Hop, Rock an RnB.
An awer gëtt hei vill ausprobéiert an all Lidd kléngt bëssen aneschters: Mol méi rockeg a bal no Metal, wei bei “Irgendwo”, mol méi funky retro an Disco, oder einfach Soundlandschaften, déi ee schwiewe loossen, wei bei “Unterwasser”.
Hei ass keng linear Linn rëm ze erkennen, wei nach beim Album virdrunner “Gelb ist das Feld”. An awer kléngt et no Bilderbuch, just nach bëssen aneschters wei een et gewinnt ass.
Konzept?
Bilderbuch huet soss nach ëmmer Konzeptalbe gemaach. Meeschtens gouf eng kloer Geschicht an engem Album verzielt, oder et gouf sech musikalesch ageschränkt.
Bei dësem Album kann een awer keen esou kloert Konzept feststellen. Et zitt sech awer eng rout Linn duerch den Album.
Textlech beschäftege mir eis mat Stress vun der Gesellschaft, allgemeng Iwwerfuerderung an den technesche Fortschrëtt deen eis zwéngt, ëmmer méi séier an effizient ze sinn.
An et schéngt och bëssen eng Äntwert op de ganze KI-Hype ze sinn: An enger Welt, wou Tech-Giganten eis verklickere wëllen, datt mir elo d’Onendlechkeet erreeche kënnen an et eng Maschinn gëtt, déi eis alles erklären a (re)produzéiere kann, brauch een awer nach ëmmer dat mënschlecht Ausprobéieren an d’Weiderentwéckelen vun der Konscht, och wann et schonn "alles gëtt". Et gouf schonn onendlech vill Konscht gemaach, an awer muss ee säin eegene "+ 1" dobäi ginn (oder wuertwiertlech: Mir mussen “Reality pushen”)
Humor
Bei der grousser Kritik geet awer natierlech ni den Humor verluer. Och op dësem Album si gesellschaftskritesch Texter mat ganz vill Witz rëmzefannen.
Den Héichpunkt dovunner fënnt een um Lidd “Baby Junkie”: En eigentlech traurege Song, esou datt “früher hast du gut ausgeschaut, aber jetzt schaust du aus wie ein Scheisshaus” wierklech bemol aus dem Näischt kënnt.
Allgemeng ass dësen Album fir Spaass ze hunn an ze danzen. Et gëtt eben net just kritiséiert, et gëtt och direkt bewisen, wei ee sech géint dat alles och wiere kann.
Dobäi ass en hyperaktiven Album erauskomm, deen een net einfach mol esou niewebäi lauschtere kann, mee wann een em d’Opmierksamkeet schenkt, déi den Album verdéngt huet, huet een eng mega gutt Zäit beim Lauschteren.