Zënter 2021 bréngt d’Musekerin ënner dem Numm Dev Lemons Musek eraus. “hunting what we already killed” ass lo den zweete Studioalbum a beweist, datt d’Dev Lemons risegt Potential huet, aus der “underground” Kategorie erauszetrieden an e grousse Pop-Star ze ginn.
Musikalesch Produktioun an all Richtungen
Bei dësem Album beweege mir eis am Genre vum Indie-Pop Rock, mee et ginn hei wierklech d’Grenzen an all Richtunge vun deem Genre ausgereizt.
Et geet mol méi wéi eng Ballade a lues, zum Beispill bei der Single “Pace”, mee och mol méi an d’Verzerrungen an an d’Hardcore/Metal Richtung mam Titel “another word you say”. Och eng Interlude ass um Album drop.
An och wann een allgemeng kann en Trend erkennen, wou een ëmmer méi an déi Richtung vun dësem klasseschen Album-Opbau zeréckgeet, ass et dann awer wierklech rëm laang hier, datt ech eng reng Interlude op engem Album héieren hunn.
De ganzen Album gouf vun der Dev Lemons zesumme mam Emmett Kai produzéiert. De ganzen Album huet e ganz handgemaachene Charakter: Alles kléngt, wéi wann den Album zu zwee an enger Kummer opgeholl gi wier, ouni datt hei awer u gudder Qualitéit gespuert gouf.
An dem Dev Lemon seng gepëspert a lëfteg Stëmm passt ganz gutt zur musikalescher Produktioun. Déi Aart a Weis ze sange verstoppt och dacks, wéi traureg d’Texter eigentlech sinn. Et geet ganz vill ëm Libeskummer, Jalousie a wéi ee weidermécht nom Enn vun enger Léift.
Internet-Ästhetik
D’Dev Lemons ass fir vill Leit eng YouTuberin, déi elo och Musekerin ass. Dat ass en Trend, deen een allgemeng bei Youtuber:innen feststelle kann, mee wéineg vun deene paken et och aus dem Internet-Fame eraus.
D’Dev Lemons huet dat awer, menger Usiicht no, tatsächlech nach méi wéi Anerer verdéngt. De Sound ass ausgebaut a gutt, an d’Dev Lemons schéngt och déi Internet-Ästhetik sech unzëeegnen an domat ze spillen.
Vill vun de Museksvideoen, op richtegen oder einfachen “Lyrics-Video”, alles huet eng extrem “Internet” Ästhetik. Zemools Lyrics-Videoen erënneren extrem u Microsoft-Paint, a ginn dem ganzen e coolen an éierleche Charakter.
Et wierkt, wéi wann et der Musekerin hir ganz eegen Ästhetik wier.
Eppes wierklech Spezielles, och wann hei lo d’Rad net komplett nei erfonnt gëtt, an eng riseg Recommandatioun vu mir.