Schonn um leschten Album "Romance" konnt ee ganz kloer e radikale Broch bei Fontaines D.C. constatéieren, musikalesch wéi och visuell.
Ewech vum Postpunk an dem scheien Optrieden a méi a Richtung Stadionrock an extravaganten Outfits, flippesche Faarwen, deelweis New Metal Passagen um Album.
Kritesch Stëmmen aus dem Internet
Manner Irland, méi japanesch Anime Aflëss: Dat war fir d'Fans vläicht schonn e klenge Schock an dee setzt sech elo hei um neien Album “Dopamine Chamber” dann och fort, wat natierlech d'Hobby-Kritiker am Internet direkt op de Plang rifft, déi den Album als Sellout a Mainstream bezeechnen.
D'Hayley Williams, Frontfra vun der Band Paramore, ass Fontaines D.C. dann och kierzlech zur Säit gesprongen a sot, Bands hätten eebe vill Gesiichter a wiere stilistesch och polyvalent. Dat kéinten nëmmen e puer “guys on the internet” net esou richteg verstoen.
Fakt ass, “Dopamine Chamber” ass keen Album, dee sech elo zeréckhält, mee vill méi eng Continuatioun vum leschten Disk an dem couragéisen Overstatement vun dësem.
"I'm gonna be big"
Déi ugeschwate Fans kënne sech vläicht nach un de Refrain vum Song "Beek" um Debutalbum erënneren, wou de Frontman Grian Chatton séngt: "I'm gonna be big".
Déi Uso gouf definitiv agehalen. Fontaines D.C. ziele mëttlerweil zu de gréisste Rockbands, déi et aktuell ginn. Si sinn zënter dem leschten Album och bei engem Major Label ënner Vertrag an do ass et dann och net ganz verwonnerlech oder verwerflech, datt de Sound méi poléiert, méi poppesch a méi upassungsfäeg gëtt
Mee Dopamine Chamber huet awer weiderhin déi Momenter, wou d'DNA vun den Ufanksdeeg kloer erauskënnt, zum Beispill am Song "Happy For You".
E Feature mat der Rosalia stécht eraus
Fontaines D.C. kommen 2019 grouss eraus mat hirem Debut, deen an eng Well vum britteschen an iresche Postpunk Revival gefall ass, mat Bands ewéi Idols, Shame, Dry Cleaning oder The Murder Capital.
Wann ee sech dës Bands aus dem sougenannte Post-Brexit-Core haut ukuckt, da gesäit een och definitiv eng Trajectoire Richtung eklektesche Rock amplaz einfach just Textbook Postpunk.
Op "Dopamine Chamber" ass souguer eng Pop-Gréisst als Gaascht vertrueden: D'Rosalia ass um Track “Where Is Gone”ze héieren. Ee Song, dee sech mat sengen orchestralen Arrangementer e bëssen no Ennio Morricone oder en engem James Bond-Song oder och Lee Hazelwood an Nancy Sinatra unhéiert.
Insgesamt ass "Dopamine Chamber" en Album, dee vun Eskapismus-Fantasië lieft, déi een och als Dopamine Chamber bezeechent.