arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DIIV – "ZIRP!"

Album vun der Woch

|
reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow

DIIV – "ZIRP!"

De Bandleader vun DIIV ass de Zachary Cole Smith, deen do virdru bei Beach Fossils gespillt huet. Ëmmer schonn huet d’Band an hirem schwéieren a verwäschene Shoegazing-Sound Pop-Ouverturen agebaut an dreift déi Stilvermëschung op hirer neier Plack “ZIRP!” op d’Spëtzt.

reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow

Dobäi hunn DIIV op hire véier éischte Placken éischter Suchtproblemer a perséinlech Bezéiungen thematiséiert.

"ZIRP!" steet fir "zero interest rate policies": Ee Kennzeeche vu stagnéierenden Ekonomien an e Sënnbild fir déi schwéier finanziell Belaaschtungen, déi un déi jonk Generatioune gestallt ginn.

D’Welt, an där den Album existéiert, an déi e kritiséiert, ass eng an där Uber d’Taxis-Industrie ersetzt, fir duerno all Präiser kënnen ze diktéieren; eng Welt an där Iwwerwaachung a Beaflossung genuch onkonkreet Gefore schafen, fir een Hamsterrad vun der Besuergnis um Lafen ze halen. Eng Welt, déi finanziell op Puff funktionéiert, och. 

Géint Weaponizing a Säbelrasselen

D’Lidder schwätzen iwwer Palantir an hire politeschen Afloss an Amerika, gesellschaftlech Desintegratioun a süchteg maachend Technologien.

Um Opener séngt de Refrain "There's poison in the fountain of youth", an op "The Crash" stellen DIIV sech Billionäre vir, déi an engem Gruef voller Krokodille kämpfen.

Mee d’Plack ass net nihilistesch oder an enger muechtloser Haltung festgefuer: Zesummesinn ass déi heefegst Äntwert, déi de Sänger Zachary Cole Smith géint Weaponizing a Messerrasselen ubidde wëllt.  

Bei deem liicht revolutionären Toun erkläert ee sech eng Tournure zu méi Pop-Musek an de Songs bal vum selwen. An d’Popmusek ass op zwou Manéiere present op dëser Plack. Eemol iwwer de Sound: den A.G. Cook, Producer vum Charli XCX, dréckt DIIV hire Shoegazing-Rock tendenziell a Richtung Hyperpop.

Besonnesch d’Single, déi dës Sortie ugekënnegt huet, "Trillions", kléngt fir DIIV iwwerraschend upbeat an iwwerrascht mat autotuned vocals. 

Popgazing

Déi aner Hallschent vum Pop-Aschlag ass Satire. Eng Manéier, den Album e bëssen anzekleede wéi eng Startup Company, am neien amerikanesche KI-remixéierte wëlle Westen, wou "eng Millioun Streams super sinn, eng Milliard vill besser, an eng Trillioun komplett erreechbar."

Wann een et gleeft.

Dës Ironie ass schaarf, mee geet villäicht net wäit genuch, bleift eng Aart Spigel, hanner deem et gëllt, dat richtegt Liewen a seng Gefiller ze schützen.

Den Album probéiert Brécken ze bauen tëschent zwou Realitéiten: Enger iwwerspëtztener, attentiouns-baséierter, blénkeger Iwwerfläch, an dem verfalende Fundament vun enger méi bedeitungsvoller Liewensweis ënnendrënner. Dat geléngt hir awer meeschtens.

Méi gelongen ass awer villäicht dat stilistescht Experiment. Eng typesch Charakteristik vu Shoegazing-Rock ass d’Verschleiere vun der Stëmm. Dëst geschitt doduerch, datt de Vocal dacks hanner enger Mauer vu Gittare just nach duuss erausluusst, a bal ënnergeet an der ganzer Gewalt.

Dat schalt hei d’Produktioun aus. Si behandelt d’Stëmm mat staarker Kompressioun, esou datt se ganz vir steet. An d’Band selwer gëtt dem Pop-Usproch gerecht mat Hooks, déi sech méi wéi jee an de Kapp brenne wëllen a Pausen aus ambienter Elektronik, déi d’Gittaren dann ëmsou méi zum Strale bréngen.

Op Tracks wéi “Kid” gëtt genee dat Songwriting-Talent evident. 

Fir de Rescht sinn et dystopesch Gedanken, agepak an zockerséiss Melodien, een alen Trick, bekannt spéitstens zënter Soundgarden hirem “Black Hole Sun”.

"ZIRP!" ass also keng revolutionär Plack, mee ee fantastesch gelongent Stilexperiment mat Bedeitung(en). Ze recommandéiere besonnesch fir Leit, déi gäre grouss Klanglandschaften hunn, u Gedanken zum géigewäertegen Amerika interesséiert sinn, an tëschent haardem Rock an elektroneschem Pop eng Plaz fräi hunn.

play_arrow Lauschteren