search

/ Direkter vum Stater Conservatoire annoncéiert Demissioun

No 15 Joer

|
headphones

1 min

Direkter vum Stater Conservatoire annoncéiert Demissioun

De Marc Meyers huet annoncéiert, datt hie säi Posten als Direkter vum Stater Conservatoire an néng Méint ofgëtt. Dat huet de Marc Meyers den 270 Mataarbechter:inne vum Conservatoire um Dënschdeg matgedeelt.

headphones

1 min

Marc Meyers | © Archiv Radio 100,7
Marc Meyers (Foto: Archiv Radio 100,7)

Dat nodeems schonn um Méindeg am Stater Gemengerot vun der DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer Undeitunge gemaach goufen. 

Zäit fir eng nei Generatioun

De Marc Meyers seet am 100,7-Interview, no 15 Joer als Direkter vum Conservatoire wier fir hien d'Zäit komm fir enger neier Generatioun d'Direktioun ze iwwerloossen. Hie selwer wéilt awer weider am Conservatoire bleiwen, an zum Beispill bei der Fërderung vu jonken Talenter matschaffen.

“Fir mech ass et manner eng Demissioun. Ech weess, dat ass d'Wuert , mee ech hu manner d'Gefill, datt ech d'Missioun verloossen, well ech wëll an där Ekipp, ech wëll am Conservatoire selwer dat, wat ech 1995 ugefaangen hunn, an enger Fonctioun och kënne mat weiderdroen. Dat ass mir extreem wichteg.”

De Marc Meyers seet, den Direktiounsposte géif ausgeschriwwe ginn. Dofir hätt hie fréi wëlle säi Récktrëtt annoncéieren. Hien hätt och ganz vill Vertrauen an déi Ekipp, déi am Moment ronderëm hien am Conservatoire schafft.

De Stater Conservatoire huet ronn 4.500 Schüler:innen.