Radioen

On air

Notturno  |  Bartleby Delicate - From Top To Toe

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Digitalen EU-Permis kënnt, och zu Lëtzebuerg

YURIKO BACKES ZU BREISSEL

Digitalen EU-Permis kënnt, och zu Lëtzebuerg

Déi europäesch Reegele fir de Fürerschäi sollen iwwerschafft ginn. Geplangt sinn ënner anerem nei Reegele fir Jonker a fir eeler Chauffeuren. Lëtzebuerg ass net mat allem d’accord: Zum Beispill d’Promill-Grenz fir Jonker am Stage op Null erofzesetzen.

auto_stories

5 min

headphones

3 min

play_arrow

Am Mäerz hat d’Europäesch Kommissioun nei Reegele fir de Führerschäi proposéiert. Gëscht um Méindeg hunn d’Transportministeren aus de 27 EU-Länner doriwwer diskutéiert an hir Positioun dozou ausgeschafft.

Konkret soll een eenheetlechen, digitalen EU-Führerschäin agefouert ginn.

“Den digitale Führerschäi kënnt, och zu Lëtzebuerg”, sou d’Yuriko Backes no hirer éischter Reunioun zu Bréissel mat den Transportministeren aus de 27 EU-Länner am 100,7-Interview

Well déi technesch Detailer op EU-Niveau mussen ausgeschafft ginn, géing et nach e puer Joer daueren, bis deen Eenzele säi Permis um Handy huet, sou d’Lëtzebuerger Transportministerin.

„Déi technesch Ëmsetzung wäert nach e bëssen daueren, dat ass och net onkomplizéiert, mee dat do soll kommen an ech mengen dat ass och eng gutt Saach.“

Null Promill fir Chauffeuren am Stage: Lëtzebuerg ass net dofir

Allerdéngs ass ee sech an enger Partie Froen net eens.

Eng Ännerung betrëfft déi jonk Chauffeuren: Si dierften der Kommissioun no scho vu 17 Joer a Begleedung Autofueren an och d’Prüfung maachen, fir da kënnen direkt mat 18 Joer de Führerschäin ze hunn an eleng dierfen ze fueren.

Et géif an der ganzer EU, wéi elo schonn zu Lëtzebuerg, eng Proufzäit vun zwee Joer agefouert ginn. Wärend där Period géing d’Kommissioun gären d’Promillgrenz op Null erofsetzen. Am Grand-Duché gëllen den Ament 0,2 Promille fir Leit am Führerschäin-Stage.

Der neier Transportministerin no sollt dat och esou bleiwen. Zu där Positioun wier een no enger Consultatioun mat den Doktere komm, sou d’DP-Politikerin.

„Dat sinn déi Bedenken, déi mir mat op de Wee ginn hunn, datt d’Doktere bei eis mengen, datt dat elo muss sinn.“

Jonker vu 17 Joer scho mam Camion fuere loossen, dat goung Lëtzebuerg ze wäit, sou och d’Transportministerin.

„Do hu mir als Lëtzebuerg fonnt, dat wier awer zimmlech jonk fir mat esou grousse Gefierer ze fueren. Mir waren do éischter retizent an hunn do eis Bedenken och matgedeelt.“

Net eens ass ee sech och bei de neie Reegelen, déi d’Senioren ënnert de Chauffeure betreffen. D’Kommissioun hat proposéiert, datt ee Permis prinzipiell just bis zum Alter vu 70 Joer valabel ass, an duerno muss ënnert verschidde Konditioune verlängert ginn.

Sträit iwwer Konditioune fir Senior: innen

D’Memberlänner wëllen dee Seuil op 75 eropsetzen. Si streiden awer driwwer, ob dono ee medezineschen Attest fir eng Verlängerung néideg ass. D’Majoritéit ass sech gëschter doriwwer eens ginn, datt et och méiglech ass, datt ee Chauffeur selwer deklaréiert, hie wier nach â même ze fueren. Lëtzebuerg an Däitschland sinn do anerer Meenung, awer aus ënnerschiddleche Grënn.

“Bei eis gëtt de Führerschäi bis 50 ausgestallt, an da sinn Examens médicaux mat 60 mat 70 mat 80 an dono all Joers. Et gëtt awer ganz vill Memberstaaten, wou dat iwwerhaapt net ass. Wou sech gefrot gëtt, firwat een eeler Leit domat cougenenéiere soll.”

Zum Beispill an Däitschland, wat sech och géint d’Méiglechkeet vun enger Selbstaschätzung wiert, wéi den däitsche Verkéiersminister Volker Wissing erkläert.

"Eine verpflichtende Gesundheitsuntersuchung ab einem gewissen Alter kommt für uns in Deutschland nicht in Betracht. Und die verpflichtende Ausfüllung von Formularen zur gesundheitlichen Selbsteinschätzung bringt kein Mehrwert für die Verkehrssicherheit, allerdings erhebliche Büroktratielasten. Deswegen wollen wir weder das eine, noch das andere.“

Méi streng Reegele bei Protokollen am Ausland: Lëtzebuerg bremst of

Geplangt ass och eppes, wat direkt Repercussiounen op déi huet, déi sech am Ausland net un d’Reegelen halen. Den Estimatioune vun der Kommissioun no kréie just 40 Prozent vun den Infraktiounen am EU-Ausland och effektiv eng Suite.

Dacks léich dat drun, datt déi responsabel net kënnen identifizéiert ginn oder einfach, well een, deen ee Protokoll aus dem Ausland krut, en einfach net bezilt. An Zukunft soll dowéinst den Echange vun Informatiounen a méi Beräicher wéi bis elo obligatoresch ginn, sou d’Kommissioun an hirer Propos.

Op där Lescht stinn elo aacht Infraktiounen. Et kéimen der awer zéng derbäi. Dat sinn der ze vill seet d’Yuriko Backes. Bei verschiddene géif ee sech froen, ob dat wierklech zu méi Sécherheet op de Stroosse bäidréit

“Zum Beispill soll de “parking dangereux” bäigesat ginn. Do froe mir eis, ob mir eis do wierklech grenziwwerschreidend hëllefe mussen oder ob et net besser wier, an esou engem Fall direkt ofzeschleefen, aplaz datt mir eis do an administrativen Echange verléieren.”

EU-wäiten Tempolimitt: “Keen Theema”

Egal wéi mussen all déi Punkten elo mam Europaparlament diskutéiert ginn. D’Parlament wäert en Donneschdeg iwwer seng Positioun ofstëmmen.

Schonn 2021 hat sech eng Majoritéit vun den Europadeputéiert fir een Tempolimitt ausgeschwat, well ronn 30 Prozent vun de Verkéiersdoudegen op ze héich Vitesse zeréckzeféiere sinn.

Een europawäiten Tempolimitt awer huet d’Kommissioun net an hir Propos integréiert. Dat wier och net realistesch, sou d’Yuriko Backes.

„Ech hätt kee Problem domat. Ech gesinn awer verschidden Nopeschlänner, déi do ee Problem hunn.“

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.