Radioen

On air

Notturno  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
search

/ Diddeleng fuerdert Poliziste vum Inneminister zeréck

Innepolitik

Diddeleng fuerdert Poliziste vum Inneminister zeréck

Den Diddelenger Gemengerot huet de leschte Freideg decidéiert, eng Motioun un den Inneminister Léon Gloden ze schécken. Agereecht vun déi gréng, an ënnerschriwwe vun der LSAP a vun déi Lénk fuerderen d’Diddelenger, datt d’Poliziste vum Diddelenger Polizeikommissariat nees zeréck dohi kommen. Dat nodeems, laut Tageblatt, Enn Januar vum Inneminister decidéiert ginn ass, 176 Polizei-Patrouillen queesch uechtert d’Land ofzezéien, fir ënnert anerem dat ëmstriddent Heescheverbued an der Stad Lëtzebuerg ëmzesetzen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana. (Foto: Archiv)

40 Poliziste géifen am Diddelenger Polizeikommissariat schaffen an domat de ganze Raum Diddeleng, Beetebuerg, Réiser a Fréiseng ofdecken. Wéi vill der elo ofgezu gi sinn, konnt d’Police eis bis ewell nach net matdeelen. Och hie wéisst et net, seet den Diddelenger LSAP-Buergermeeschter Dan Biancalana. An der zoustänneger Chamberkommissioun hanner zouenen Dieren hätt ee just e Prozentsaz genannt kritt.

„Dofir och den Appell iwwert déi dote Motioun, dass d’Stad Diddeleng – mee net nëmmen d’Stad Diddeleng - och alleguerten déi aner concernéiert insgesamt sou schnell wéi méiglech, déi Polizisten, déi ofgezu goufen, sollen zréck kréien.“

Den Aarbechtspensum fir den eenzele Polizist wier souwisou schonn héich, esou den Dan Biancalana.

Et wier awer net just en Appell, fir déi concernéiert Polizisten nees op Diddeleng ze kréien, betount de Gemengeconseiller Yves Steffen vun déi gréng. Et wéilt een och gesinn, ob d‘Theema Sécherheet der CSV, DP an der ADR och elo nach sou wichteg wier, wéi am leschte Walkampf.

Op d’Fro, ob Policepresenz duergeet, fir Sécherheet ze garantéieren, huet den Dan Biancalana gemengt, et misst een och op urban a sozial Mesurë setzen. Ob a wéini mat enger Äntwert vum Inneminister ze rechnen ass, ass iwwerdeems nach net gewosst.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft