Radioen

On air

Moiesstudio  |  Martine Solovieff

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Der EU entgeet Budgetserhéijung a Milliardenhéicht, well Superräich net genuch besteiert ginn

Rapport vun Oxfam

Der EU entgeet Budgetserhéijung a Milliardenhéicht, well Superräich net genuch besteiert ginn

D’EU verléiert 33 Milliounen Euro pro Stonn, well déi Superräich net genuch besteiert sinn. Dat huet d’Hëllefsorganisatioun Oxfam ausgerechent. Mat enger Erhéijung vun 2 bis 5 Prozent vun deene Steiere kéint d‘EU hire Budget ëm Milliardebeträg héijen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance / Geisler-Fotopress | Burkhard Schubert/Geisler-Fotopr play_arrow
Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Burkhard Schubert/Geisler-Fotopr

Ëm déi 287 Milliarden Euro Budget méi kéint d‘EU mat esou enger Steiererhéijung fir déi Superräich hunn. Esou heescht et am Rapport vun Oxfam, deen haut publizéiert gouf. Domat kéinten direkt méi Problemer geléist ginn, mengt de Julien Desiderio vun Oxfam.

Méi ëffentlech Gelder fir d‘Entwécklungshëllef

Déi Steiergelder kéinte beispillsweis déi ekologesch Transitioun zu engem groussen Deel finanzéieren, schléit Oxfam vir. Net vu Muttwëll, wéi et an hirem Rapport heescht, stéisst eng superräich Persoun ongeféier 14 Mol méi CO2 aus, wéi eng Persoun vun deene 50 äermste Prozent.

D’Steiergelder kéinte genotzt ginn, fir déi ëffentlech Gelder fir Entwécklungshëllef eropsetzen, erkläert de Julien Desiderio.

"Puisque l’Union européenne s’est engagée à louer 0,7 pour cent de son PIB à l’aide publique au développement. Aujourd'hui, on ne rencontre pas cet objectif et donc ça pourrait aider à financer ceci.“

Mat deene Gelder kéint een awer zum Beispill och Mesurë finanzéieren, fir deene Populatiounen an der Zäit no der Pandemie ze hëllefen, mengt de Julien Desiderio.

1,9 Trilliounen Euro fir de räichsten 1 Prozent

D’Leit an Europa bräichten elo d’Ënnerstëtzung vun der ëffentlecher Hand, esou nach de Julien Desiderio. Virun allem, well déi äermst 99 Prozent ëmmer méi aarm ginn.

Déi Superräich hunn an de leschte 4 Joer hiert gemeinsaamt Verméigen ëm bal een Drëttel erhéicht, woumat dee räichsten 1 Prozent zesummen e Verméige vun 1,9 Trilliounen Euro hunn, heescht et am Oxfam-Rapport nach weider.

Reegelung op europäeschem Niveau néideg

Verschidde Länner, dorënner Spuenien, hätte schonn eng sougenannt Räichesteier, erkläert de Julien Desiderio nach. Et bräicht awer eng Reegelung op europäeschem Niveau.

"Ce qui est certain, c'est qu’aujourd'hui, il y a une compétition fiscale entre les États pour pouvoir attirer les individus les plus riches, c’est une des raisons pour lesquelles les plus riches au sein de l’Union européenne payent moins d’impôt qu’un travailleur ou une travailleuse.“

Steieren an Héicht vun 2 bis 5 Prozent fir Multimillionäre wier kee Beschlagname vun hire Gelder, esou nach de Julien Desiderio vun Oxfam. Et wier fir déi Superräich e klenge Bäitrag, dee fir den europäesche Budget e groussen Ënnerscheed kéint maachen. 

Lauschterenplay_arrow