search

/ Den ëffentleche Raum nei denken

Natur an Ëmwelt

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Den ëffentleche Raum nei denken

Bëton späichert Hëtzt. E verhënnert, datt d’Waasser kann an de Bueden asickeren, an ouni Beem gëtt et och kee Schied. Dat leit op der Hand. An awer si vill ëffentlech Plazen, Parkingen oder och Schoulhäff hei am Land versigelt. Dat soll sech änneren.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow
© Studion Photography / MECB
(Foto: Studion Photography / MECB)

"Méi Natur an eise Stied an Dierfer": Esou heescht een Appel à projet vum Ëmweltministère, fir den ëffentleche Raum méi gréng ze gestalten, an deemno och besser un de Klimawandel unzepassen.

Et ass dat drëtt Joer, datt dëse Concours ausgeschriwwe gëtt. A mat insgesamt 6 Milliounen Euro huet den Ëmweltministère gëschter um Donneschdeg déi Gemeng remuneréiert, déi déi beschten Iddien haten, wéi si hir Bëtonswüüsten a gréng Oase verwandele kënnen.

En innovative Projet zu Mäerzeg

An der Gemeng Mäerzeg, der Grenz tëschent dem Guttland am dem Norden, war gëschter um Donneschdeg de Centre Turelbaach gutt gefëllt. Gemengevertrieder aus dem ganze Land waren hei fir d’Präisiwwerreechung vum Projet "Méi Natur an eise Stied an Dierfer" zesummekomm.

Firwat Mäerzeg? Well d'Gemeng an der Kategorie Beréngung vum Schoulhaff mat Ofstand gewonnen huet.

De Bruno Alves, Attaché vum Ëmweltministère, erkläert, Mäerzeg hätt e ganz innovative Projet agereecht. Si hätten nämlech net just ee Schoulhaff begréngt, mee d’Iddi, wéi e Schoulhaff kann ausgesinn, néi geduecht, an hir natierlech Ressourcë mat an de Projet agebonnen.

"Hei zu Mäerzeg, do ass och d'Baach mat berücksichtegt ginn, well wa mir vum Klimawandel schwätzen, do wësse mir, méi waarm Summeren. Dat heescht Hëtztwellen a méi Reen, Iwwerschwemmungen, an hei ass eeben eng Baach dernieft an et gouf e bësse Plaz gelooss, fir der Baach Plaz ze ginn, fir datt se sech och kann ausbreeden."

Aus de Feeler geléiert

De Buergermeeschter Mike Poiré vun der Gemeng Mäerzeg ass houfreg op den éischte Präis. Den neie Schoulhaff wäert d’Gemeng ronn 1 Millioun Euro kaschten a soll fir d’Rentrée 2027 fäerdeg sinn, esou de Buergermeeschter 

D’Gemeng hat schonn d’Joer virdru beim Concours matgemaach an hätt fir den zweete Versuch aus hire Feeler geléiert, an zesumme mat de Bierger:innen, Elterevertrieder:innen, Schüler:innen an Enseignanten en neie Projet ausgeschafft.

Op d’Fro hin, wat fir Iddie spezieller d’Kanner matbruecht hunn, sot de Mike Poiré:

"Dat ware virun allem méi Spill-Geräter, déi d'Kanner sech gewënscht hunn."

An der Kategorie Schoulhäff sinn iwweregens am meeschte Projete beim Ëmweltministère agaangen.

Auszeechnunge fir Esch a Stroossen

Déi aner Kategorië waren ëffentlech Plazen, Parkingen, a Spillplazen. Alles mam Zil, méi Liewensqualitéit an den ëffentleche Raum ze bréngen, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes.

"Vun deenen honnert Gemenge ka jiddweree sech mellen. Do hu sech der siwwenzéng gemellt, zwanzeg Projet eraginn an zwielef hunn der hei gewonnen. An all Projet kritt eng hallef Millioun Euro Ënnerstëtzung als Unerkennung, datt d'Gemenge konkreet Projeten um Terrain ëmsetzen, fir den ëffentlech Raum méi gréng ze maachen."

An der Kategorie beschte Projet fir d’Beréngung vun enger ëffentlecher Plaz huet d’Gemeng Stroossen gewonnen.

D’Gemeng Esch hat zwee Projeten eraginn: Eemol fir d’Begréngung vun engem Parking an engem Wunnquartéier. Hei huet d’Gemeng aus dem Süden déi éischt Plaz kritt.

Mee och de Projet fir méi Natur an dem Schoulhaff vun der Schoul um Brill, ass am Concours zeréckbehale ginn.

Wichteg ass, esou de Minister Serge Wilmes, datt de Projet durabel ass, spréch fir eng gutt Partie Jore ka Bestand hunn, an net no zwee Joer muss frësch gemaach ginn oder erëm ofgerappt gëtt.

Keng Spillplaz-Projeten

Eng Kategorie, déi dëst Joer nei dobäi war, a bei där bis elo keng Gemeng e Projet agereecht huet, war d’Spillplazen. Den Ëmweltminister Serge Wilmes wëllt awer weider un dëser Kategorie festhalen.

"Et muss een och kucken, datt d'Spillplazen nach méi gréng ginn oder mat Sonne-Seegele Kanner geschützt ginn, virun der Sonn, déi méi intensiv och gëtt. Hei huet jo elo kee matgemaach. Ech ka mir dat elo net honnertprozenteg erklären. Vläicht ass et éischter, datt dat nach net esou als Kategorie gesi gëtt, wou een eppes muss maachen, well awer vill Spillplazen si schonn och gréng."

Fir dem Klimawandel entgéintzewierke muss den ëffentleche Raum eben net just schéin ausgesinn, mee Mënsch an Déier och effektiv virun den Effekter vum Klimawandel schützen.

D’Ausschreiwung fir de Concours 2026 wäerten deemnächst publizéiert ginn.




 

play_arrow Lauschteren